E Sonndeg gëtt déi 58. Editioun vun der Amstel Gold Race gefuer.

Nodeems den Tadej Pogacar d'lescht Joer d'Course konnt dominéieren, sinn dëst Joer d'Aen op de Weltmeeschter Mathieu van der Poel geriicht. Den Hollänner huet d'Klassikersaison fest am Grëff an ass och e Sonndeg nees de ganz grousse Favorit.

Paris-Roubaix, Tour des Flandres, E3 - Zanter Mëtt Mäerz huet de Mathieu van der Poel a 5 Courssen, déi e gefuer ass, 3 Mol gewonnen. En impressionante Bilan. An déi Serie kéint bis Léck-Baaschtnech-Léck den nächste Weekend weidergoen. Do trëfft de Weltmeeschter dann op den Tadej Pogacar.

Bei Bora-hansgrohe muss ee fir d'Ardenne-Klassiker op de Primoz Roglic verzichten. De Sloween ass nach net vu senger Chute am Tour duerch d'Baskeland erholl a muss passen. De Bob Jungels dierft deemno eng Rei Fräiheete kréien. Mat Schachmann a Sobrero huet een an der däitscher Ekipp nach 2 Coureuren a gudder Form mat dobäi.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass de Kevin Geniets nach net disponibel a muss duerch seng Blessur un der Hand, déi manner gutt heelt wéi geplangt, bis de Critérium du Dauphiné am Juni passen.

Den Arthur Kluckers steet no senger 42. Plaz aus dem leschte Joer awer nees um Depart. Vu 15 Auer u si mir e Sonndeg live bei der Amstel Gold Race fir Iech dobäi.