E Sonndeg gëtt mat Léck-Baaschtnech-Léck dee leschte Fréijoersklassiker gefuer.

Am Joer 2018 stoung de Bob Jungels ganz uewen um Podium

RTL Sport vum 22.4.2018
Wat war de Weekend iwwert an der Sportsakutalitéit lass? Am Sportclub gitt Dir et gewuer. Hei kritt dir d'Biller, Interviewen a Resultater.
Déi lescht 20 Kilometer vum Bob Jungels sengem Exploit
De Bob Jungels huet um Sonndeg de Klassiker Léck-Baaschntech-Léck gewonnen.

2009 konnt den Andy Schleck sech feiere loossen

Andy Schleck wënnt Léck-Baaschtnech-Léck
Am Joer 2009 huet sech de Lëtzebuerger an de Palmarès vum Klassiker ageschriwwen.

An da gouf et nach eng weider Victoire vun engem Lëtzebuerger. De Marcel Ernzer war 1954 dee Séiersten.

Wie packt et 2024 ganz uewen op de Podium?

Bei der 110. Editioun vu Léck-Baaschtnech-Léck ass den Tadej Pogacar an der Favoritteroll. Mam Jungels an dem Ries sinn awer och zwee Lëtzebuerger um Depart.

Nodeems de Sloween Tadej Pogacar d'Course 2021 gewanne konnt, gëtt hie fir e Sonndeg als grousse Favorit gehandelt. De 25 Joer jonke Coureur konnt an dëser Saison scho 5 Mol gewannen an huet eng ganz staark Ekipp u senger Säit. Säi gréisste Géigner kéint de Weltmeeschter Mathieu van der Poel sinn. Bei senger bis elo eenzeger Participatioun war de van der Poel  2020 de 6. ginn. Den Hollänner war dës Saison bis elo genee sou dominant ewéi  de Pogacar. De Gewiichtsënnerscheed vu ronn 9 Kilo (75 kg fir de van der Poel, 66 kg fir de Pogacar) kéint iwwer déi iwwer 250 Kilometer laang Course mat ville Bierger den Ënnerscheed maachen. Nieft deenen 2 genannte Favoritte ginn et awer och nach eng ganz Rei aner Coureuren, déi d'Course kéinte gewannen. De Bob Jungels huet an der Ekipp Bora – hansgrohe den Alexander Vlasov an den d'Giro-Gewënner vun 2022 Jai Hindley u senger Säit. Bei Arkea – B&B Hotels ass den 2. vun der Flèche Walonne de Leader. Fir hie wäert de Michel Ries musse schaffen. D'Entscheedung dierft entweder an der Côte de la Redoute oder e bësse méi spéit an der Côte de la Roche-au-Faucon falen.

E Sonndeg vu 14.30 Auer u weise mir d'Course op RTL a bei eis um Internet.