No 254,5 Kilometer war de Sloween de Séiersten. Hien hat sech scho 35 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton ofgesat.

Bei der 110. Editioun vu Léck-Baaschtnesch-Léck gouf et eng Victoire fir den Tadej Pogacar. De 25 Joer ale Sloween, deen zu den Toppfavoritten op d'Victoire bei dësem Klassiker gezielt huet, gouf am Peloton gutt vu senger Ekipp encadréiert an huet beim Passage vun der Côte de la Redoute (35 Kilometer virun der Arrivée) attackéiert. Vun den anere Favoritte konnt kee säin Tempo matgoen an de Sloween konnt sech séier eng Avance vun enger Dose Sekonnen erausfueren.

Den zweefachen Tour-de-France-Gewënner huet sech bis op d'Arrivée eng maximal Avance vu knapp 2 Minutten op de Peloton erausgefuer. Am Haaptfeld huet sech de Romain Bardet 14 Kilometer virun der Arrivée ofgesat a sech domat déi néideg Avance erausgefuer, fir um Enn als Zweeten iwwer de wäisse Stréch ze fueren. Déi drëtt Plaz um Podium gouf am Sprint decidéiert, deen de Mathieu Van der Poel fir sech entscheede konnt.

Mam Bob Jungels a mam Michel Ries waren och zwee Lëtzebuerger um Depart vun dësem Ardenne-Klassiker. De Bob Jungels klasséiert sech op der 45. Plaz an de Michel Ries gouf 98.

De Replay vun der ganzer Course fannt Dir op RTL Play.

Bei der 8. Editioun vun der Damme-Course, déi iwwer 153 Kilometer goung, huet sech d'Grace Brown am Sprint duerchgesat, dat virun der Elsa Longo Borghini an dem Demi Vollering. D'Nina Berton huet d'Lëtzebuerger Faarwe bei dëser Course vertrueden a koum um Enn op déi 62. Plaz.

D'Klassement vun der Course

1 POGAČAR Tadej  6:13:48
2 BARDET Romain  1:39
3 VAN DER POEL Mathieu  2:02
4 VAN GILS Maxim  2:02
5 PARET-PEINTRE Aurélien  2:02
6 VANSEVENANT Mauri  2:02
7 MADOUAS Valentin  2:02
8 LUTSENKO Alexey  2:02
9 BILBAO Pello  2:02
10 PIDCOCK Thomas  2:02
...
45 JUNGELS Bob 5:16
98 RIES Michel 19:13