Op der verkierzter 16. Etapp vum Giro d'Italia goung et iwwer 118,7 Kilometer vu Laas op Santa Cristina Valgardena (Monte Pana).

Op der Arrivée gouf et op en Neits eng Victoire vum Mann am Maglia Rosa. Den Tadej Pogacar huet sech virum Giulio Pellizzari an dem Daniel Felipe Martinez duerchgesat.

De Pogacar baut mat senger fënnefter Victoire beim Giro dëst Joer a senger 75. Victoire a senger Karriär och seng Avance am General weider aus. Hei huet hien elo 7 Minutten an 18 Sekonne Virsprong op den Daniel Felipe Martinez. Den Geraint Thomas ass den Drëtten op 7 Minutten a 40 Sekonnen.

De Michel Ries koum en Dënschdeg op déi 32. Plaz op iwwer 5 Minutten. Am General steet hien op der 30. Plaz.

D'Klassement vun der Etapp

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates
2 PELLIZZARI Giulio VF Group - Bardiani CSF - Faizanè 0:16
3 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe ,,
4 SCARONI Christian Astana Qazaqstan Team 0:31
5 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 0:33
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 0:38
7 CARUSO Damiano Bahrain - Victorious 0:39
8 STORER Michael Tudor Pro Cycling Team 0:42
9 COSTIOU Ewen Arkéa - B&B Hotels ,,
10 PARET-PEINTRE Valentin Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:45

D'Generalklassement

1 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates
2 MARTÍNEZ Daniel Felipe BORA - hansgrohe 7:18
3 THOMAS Geraint INEOS Grenadiers 7:40
4 O'CONNOR Ben Decathlon AG2R La Mondiale Team 8:42
5 TIBERI Antonio Bahrain - Victorious 10:09
6 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 10:33
7 BARDET Romain Team dsm-firmenich PostNL 12:18
8 ZANA Filippo Team Jayco AlUla 12:43
9 RUBIO Einer Movistar Team 13:09
10 HIRT Jan Soudal Quick-Step 14:07