No dëser Saison hält d'Christine Majerus definitiv mam professionelle Vëlossport op, mee déi fréier Sportlerin vum Joer huet nach zwee grouss Ziler.

Nämlech e gutt Resultat bei den Olympesche Spiller an hire 14. nationalen Titel op der Strooss. Déi lescht zwee Joer waren duerch Blessuren a Krankheeten net einfach fir d'Christine Majerus. Ma an hirer 11. Saison fir SD Worx huet d'Lëtzebuerger Championne nees zu hirer fréierer Form fonnt. Si wier hiert bescht Fréijoer gefuer an huet och immens vun de Stagë vun der Ekipp profitéiert. 7 Top-10-Plazen a virun allem eng zweet Plaz beim Grand Prix Elsy Jacobs sinn dobäi erausgesprongen.

Virun allem beim Tour of Britain huet d'Christine Majerus excellent fir hir Ekipp geschafft. Fir déi 3 Victoirë vun SD Worx war déi 37 Joer al Proficyclistin mat responsabel. Déi 4. a leschten Etapp war eigentlech fir si reservéiert, mee d'Lëtzebuerger Championne hat sech ze fréi gefreet an ass als zweet iwwert de wäisse Stréch gefuer. Als Trouscht gouf et awer eng Plaz um Podium nieft hirer Teamkolleegin Lotte Kopecky.

De Weekend fiert d'Christine Majerus zu Harel hire leschte Championnat. Do wëll si natierlech gewannen a sech och déi offiziell Selektioun fir Paräis sécheren. Et wier hir 4. Participatioun an d'Christine Majerus wëll an hirer Heemechtsstad déi 18. Plaz vu Rio nach verbesseren. Dofir misst d'Capitaine de route bei SD Worx awer hir Fuerweis ëmstellen, well si net muss fir hir Teamkolleeginne schaffen. Zu London koum si op déi 21. Plaz a bei den Olympesche Spiller 2021 zu Tokio huet d'Christine Majerus zesumme mam Raphael Stacchiotti de Fändel gedroen.