Op der 14. Etapp vu Pau op Saint-Lary-Soulan Pla d'Adet gouf et uewen um Bierg eng Victoire vum Tadej Pogacar, deen domat de Maillot jaune kloer verdeedegt

No 152 Kilometer konnt sech den Tadej Pogacar uewen um Pla d'Adet als Gewënner feiere loossen. Et war eng schwéier éischt Etapp an de Pyrenäen, op där mam Col du Tourmalet an der Biergarrivée zwou Montéeën hors catégorie a mat der Hourquette d'Ancizan e Bierg vun der zweeter Kategorie um Programm stoungen.

Nach virum éischte Bierg, dem Col du Tourmalet, hate sech eng Rei Echappéeë forméiert, mat dobäi waren ënner anerem och de Ben Healy an de Mathieu Van der Poel dobäi. Den Oier Lazkano war als Éischten iwwer den Tourmalet gefuer, de Peloton mat de Lëtzebuerger Bob Jungels a Kevin Geniets hat hei e Retard vun dräianhallwer Minutt op d'Spëtzegrupp.

Hannert der Hourquette d'Ancizan ass de Spëtzegrupp ëmmer méi kleng ginn a fënnef Coureure sinn als éischt déi lescht Montée op de Plat d'Adet gaangen. De Réckstand vum Peloton louch hei just nach bei annerhallwer Minutt. Op den éischte Meter vum leschte Bierg hat sech de Ben Healy vun der Echappée ofgesat. Hannen am Peloton gouf et 6 Kilometer virun der Arrivée d'Attack vum Maillot jaune Tadej Pogacar, dee kuerz duerno och de Lead vun der Course iwwerholl huet. De Jonas Vingegaard an de Remco Evenepoel konnten den Tempo net matgoen an de Ben Healy gouf séier distanzéiert.

De Pogacar huet op de leschte Kilometer nach 39 Sekonnen op de Jonas Vingegaard guttgemaach a gewënnt uewen um Pla d'Adet. De Remco Evenepoel verléiert souguer 70 Sekonnen op de Maillot jaune. Fir den Tadej Pogacar ass et no der éischter Plaz op der 4. Etapp déi zweet Victoire bei dësem Tour de France. Mat dëser Victoire ass de Pogacar elo och nees eleng Leader am Biergklassement.

De Bob Jungels koum als 44. mat engem Retard vu 15 Minutten a 25 Sekonnen un an de Kevin Geniets gouf 49. (+ 17'22''). Am Generalklassement läit de Bob Jungels op 46. an de Kevin Geniets op der 57. Plaz. Den Alberto Bettiol, den italieenesche Champion, huet op dëser Etapp mussen opginn, genee wéi den Amaury Caplot.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 POGAČAR Tadej 4:01:51
2 VINGEGAARD Jonas 0:39
3 EVENEPOEL Remco 1:10
4 RODRÍGUEZ Carlos 1:19
5 CICCONE Giulio 1:23
6 BUITRAGO Santiago ,,
7 YATES Adam ,,
8 GALL Felix 1:26
9 JORGENSON Matteo 1:29
10 GEE Derek ,,
...
44 JUNGELS Bob 15:25
49 GENIETS Kevin 17:22

General

1 POGAČAR Tadej 56:42:39
2 VINGEGAARD Jonas 1:57
3 EVENEPOEL Remco 2:22
4 ALMEIDA João 6:01
5 RODRÍGUEZ Carlos 6:09
6 LANDA Mikel 7:17
7 YATES Adam 8:32
8 CICCONE Giulio 9:09
9 GEE Derek 9:33
10 JORGENSON Matteo 10:35
...
46 JUNGELS Bob 1:32:39
57 GENIETS Kevin 1:53:01