Tijay Heinen a Fabienne Schaus séchere sech de Championstitel
Dëse Weekend hat d'FSCL ronderëm Biissen op d'Downhill organiséiert.
D'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun an de Mountainbike-Veräin Trail Hunters Mersch haten op den nationale Championnat am Downhill op Biissen invitéiert. Op dem 6 Kilometer laange Parcours, wou en Héichtenënnerscheed vun insgesamt 260 Meter ze iwwerwanne war, konnt sech bei den Hären den Tijay Heinen virum Pol Flesch an dem Mik Esser duerchsetzen. Bei den Damme goung d'Victoire un d'Fabienne Schaus virun der Charlotte Wild. Bei den Damme ware just zwou Lizenzéiert un den Depart gaangen, bei den Häre waren et der 7.
Nieft der Elite waren am fréien Owend och d'Coursse vun den U23, de Masters an den U19. Bei den U23 Damme war d'Malou Bollig als Eenzeg ugetrueden, bei den U23 Hären ass den Titel fir de Jonathan Kalweit. Hien huet sech virum Noa Berton an dem Kim Bintz duerchgesat. Bei den alen Huese goung den Titel un den Tommy Arnoldy, dee méi séier war wéi de Marc Rolf Indergand an de Pascal Maquet. Bei den alen Huesinne stoung d'Suzie Godart ganz uewen, virum Melanie Wünsch an dem Claudine Bintz. An der eelster Teenagergrupp, der U19, gouf de Rick Meylender Champion. Hie konnt sech géint de Yannis Lang an de Rodrigo dos Santos Neves duerchsetzen. Bei den U19 Meedercher Lena Lallemang eenzeg Starterin.
Am fréien Nomëtteg war et schonn un de Jugendkategorien. Sou konnt sech bei de männlechen Debutanten de Raphael Lanscotte Wietor virum Ben Fleming an dem Nathan Walch duerchsetzen. Bei den U17 Meedercher war d'Kylie Bintz déi eenzeg Participante. An der Kategorie vun de Cadets huet de Yannis Elsen virum Lorenzo Astolfi an dem Noé Garcia Pinel gewonnen. Bei de Meedercher war d'Enola Walsch méi séier wéi d'Sarah Koenig. Bei de Minimes huet de Mathis Elsen déi séierst Zäit gefuer, dat virum Fabio Giampaolo an dem Leon Seil. D'Lyel Hever an d'Olivia Kohn si bei de de Meedercher un den Depart gaangen.