De Pogacar gewënnt och d'Zäitfueren iwwer 33,7 Kilometer vu Monaco op Nice a séchert sech domat och d'Victoire am General. De Jonas Vingegaard gouf Zweeten

Déi lescht Etapp vum Tour de France gouf dëst Joer net wéi traditionell zu Paräis gefuer, mee an engem Zäitfuere vu Monaco op Nice. Wéinst de Preparatioune fir d'Olympesch Spiller an der franséischer Haaptstad haten d'Organisateuren decidéiert, den Tour dëst Joer ausnamsweis un der Côte d'Azur op en Enn goen ze loossen.

Wéi schonn an de leschten Deeg an de Bierger war den Tadej Pogacar och am Zäitfueren den Nonplusultra. De Leader am General huet déi 33,7 Kilometer an enger Zäit vu 45'24'' hannert sech bruecht an dem Jonas Vingegaard nach eng Kéier 1'03'' ofgeholl, dem Remco Evenepoel souguer 1'14''.

De Bob Jungels ass no 50'17'' iwwer de wäisse Stréch gefuer a gouf an dësem Zäitfueren de 35. De Kevin Geniets huet 52'29'' fir de Parcours gebraucht a klasséiert sech als 91.

Am Generalklassement war dem Tadej Pogacar d'Victoire just nach duerch eng Chute ze huelen, mee sou koum et jo net. De Sloween gewënnt soumat säin drëtten Tour de France, an zwar esou souverän wéi nach keen. De Jonas Vingegaard muss sech ee Joer no senger éischter Victoire am Hexagon mat der zweeter Plaz zefridde ginn. De Remco Evenepoel, fir deen et déi éischt Participatioun bei engem Tour de France war, komplettéiert de Podium. De Bob Jungels klasséiert sech um Enn als 37. an de Kevin Geniets gouf 58.

D'Sprintwäertung gewënnt mam Biniam Girmay eng éischt Kéier iwwerhaapt e Mann vum afrikanesche Kontinent. Den Eritreeër hat um Enn 33 Punkte Virsprong op de Jasper Philipsen. Am Biergklassement hat sech de Richard Carapaz aus Kolumbien de gepunkte Maillot virun der leschter Etapp geséchert. De beschte jonke Coureur gouf de Remco Evenepoel virum Carlos Rodriguez an dem Matteo Jorgensen. Bescht Ekipp gouf erwaardungsgeméiss UAE Team Emirates, d'Ekipp vum Tadej Pogacar, déi dräi Coureuren an den Top10 hat.

Um RTL Play fannt Dir all d'Etappen am Replay.

Resultat

1 POGAČAR Tadej 0:45:24
2 VINGEGAARD Jonas 1:03
3 EVENEPOEL Remco 1:14
4 JORGENSON Matteo 2:08
5 ALMEIDA João 2:18
6 GEE Derek 2:31
7 LANDA Mikel 2:41
8 TEJADA Harold 2:50
9 BUITRAGO Santiago 2:53
10 YATES Adam 2:56
...
35 JUNGELS Bob 4:53
91 GENIETS Kevin 7:05

General

1 POGAČAR Tadej 83:38:56
2 VINGEGAARD Jonas 6:17
3 EVENEPOEL Remco 9:18
4 ALMEIDA João 19:03
5 LANDA Mikel 20:06
6 YATES Adam 24:07
7 RODRÍGUEZ Carlos 25:04
8 JORGENSON Matteo 26:34
9 GEE Derek 27:21
10 BUITRAGO Santiago 29:03
...
37 JUNGELS Bob 2:29:05
58 GENIETS Kevin 3:44:19