Victoire fir de Joseph Blackmore, Mats Wenzel op Plaz 8

© Lidl-Trek (Archiv)
Um 3. Dag vum Tour de l'Avenir stoung e Mëttwoch tëscht Peisey-Vallandry a La Rosière eng schwéier Biergetapp iwwer 70,7 Kilometer um Programm.
De Peloton ass am Laf vun der Etapp komplett explodéiert an um Enn gouf et uewenaus zu la Rosière eng Victoire fir de Joseph Blackmore vun Israel - Premier Tech. De Britt war op de leschte Meter méi séier wéi de Belsch Jarno Widar an de Spuenier Pablo Torres Arias.
De Lëtzebuerger Champion bei den Espoiren, Mats Wenzel, huet sech gutt aus der Affär gezunn a konnt sech als 8. klasséieren. De Coureur vu Lidl - Trek hat op der Arrivée e Retard vu genee enger Minutt op de Vainqueur.
Am Generalklassement ass de Blackmore neie Leader. De Mats Wenzel ass no der Etapp vun e Mëttwoch den 8.. Hien huet e Retard vun 1 Minutt a 17 Sekonnen.
En Donneschdeg steet eng weider Biergetapp iwwer 142,6 Kilometer vu La Rosière op les Karellis um Programm.
D'Klassement vun der Etapp
1 BLACKMORE Joseph Great Britain 2:13:44
2 WIDAR Jarno Belgium 0:03
3 TORRES Pablo Spain 0:05
4 GRAAT Tijmen Netherlands 0:31
5 BISIAUX Léo France 0:32
6 PESCADOR Diego Colombia 0:52
7 KAJAMINI Florian Samuel Italy 1:00
8 WENZEL Mats Luxembourg ,,
9 LOPES Lucas Portugal ,,
10 DALBY Simon Denmark 1:05
...
53 WALLENBORN Arno Luxembourg 15:38
91 MORANG Mil Luxembourg 23:35
99 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg ,,
109 URY Noé Luxembourg ,,
110 KESS Alexandre Luxembourg ,,
De General no der 3. Etapp
1 BLACKMORE Joseph Great Britain 10:16:08
2 WIDAR Jarno Belgium 0:09
3 TORRES Pablo Spain 0:23
4 BISIAUX Léo France 0:45
5 GRAAT Tijmen Netherlands 0:54
6 LEONARD Michael Canada 1:07
7 KAJAMINI Florian Samuel Italy 1:16
8 WENZEL Mats Luxembourg 1:17
9 PESCADOR Diego Colombia 1:30
10 DALBY Simon Denmark 1:35
...
85 KESS Alexandre Luxembourg 26:31
86 WALLENBORN Arno Luxembourg 26:34
96 KOCKELMANN Mathieu Luxembourg 33:57
109 MORANG Mil Luxembourg 40:17
111 URY Noé Luxembourg 40:37