Jonathan Milan wënnt Prolog, Alex Kirsch op Plaz 19

© AFP
E Mëttwoch war den Optakt vun der 39. Deutschland Tour am Vëlossport.
Am Prolog iwwer 2,9 Kilometer zu Schweinfurt gouf et eng Victoire fir den Italieener Jonathan Milan vu Lidl-Trek. Op déi 2. Plaz kënnt säi Coequipier Mads Pedersen. Als 3. konnt sech de Maikel Zijlaard vum Tudor Pro Cycling Team klasséieren.
Den Alex Kirsch hat als 19. e Retard vun 9 Sekonnen. Fir de Bob Jungels war et déi 54. Plaz op 13 Sekonnen.
En Donneschdeg geet et iwwer 176,3 Kilometer vu Schweinfurt op Heilbronn. Den Tour duerch Däitschland geet e Sonndeg zu Saarbrécken op en Enn.
D'Klassement vum Prolog
1 MILAN Jonathan Lidl - Trek 3.16,31
2 PEDERSEN Mads Lidl - Trek 0.00,71
3 ZIJLAARD Maikel Tudor Pro Cycling Team 0.01,69
4 HAYTER Ethan INEOS Grenadiers 0.02,86
5 BISSEGGER Stefan EF Education - EasyPost 0.03,46
6 VAN POPPEL Danny Red Bull - BORA - hansgrohe 0.04,55
7 STEIMLE Jannik Q36.5 Pro Cycling Team 0.05,29
8 HALLER Marco Red Bull - BORA - hansgrohe 0.05,35
9 MEEUS Jordi Red Bull - BORA - hansgrohe 0.05,52
10 CHRISTEN Fabio Q36.5 Pro Cycling Team 0.05,72
...
19 KIRSCH Alex Lidl - Trek 0.09,16
54 JUNGELS Bob Red Bull - BORA - hansgrohe 0.13,04