De Spuenier huet um Enn mat engem Ecart vu siwe Sekonne gewonnen a klëmmt am General domat op déi zweet Plaz hannert dem neie Leader Mathieu van der Poel.

E Samschdeg stoung beim Tour de Luxembourg fir déi 4. Etapp een Zäitfueren um Programm. Op enger Distanz vu 15.5 Kilometer mat Depart an Arrivée zu Déifferdeng konnt de Juan Ayuso mat 19.11,03 Minutten de séierste Chrono opstellen. De Spuenier huet domat den Italiener Antonio Tiberi an den Dän Mads Pedersen hannert sech gelooss.

D'Reaktiounen no der 4. Etapp
Um véierten Dag vum Tour de Luxembourg stoung een Zäitfueren zu Déifferdeng um Programm

Duerch seng 5. Plaz am Zäitfuere ass de Mathieu van der Poel am General nees de Leader, dat mat engem Ecart vun nëmmen dräi Sekonnen op de Vainqueur vum Dag, Juan Ayuso.

De séierste Lëtzebuerger war e Samschdeg den Alex Kirsch, dee mat engem Retard vun 31 Sekonnen op eng staark 10. Plaz gefuer ass.

D'Klassement vun der 4. Etapp

1 AYUSO Juan 19.11,03
2 TIBERI Antonio 0.07,09
3 PEDERSEN Mads 0.11,31
4 HIRSCHI Marc 0.14,89
5 VAN DER POEL Mathieu 0.19,12
6 GROßSCHARTNER Felix 0.20,22
7 MILESI Lorenzo 0.20,78
8 SIMMONS Quinn 0.26,15
9 SWEENY Harry 0.26,46
10 KIRSCH Alex 0.31,11

20 WENZEL Mats 0.54,85

27 JUNGELS Bob 1.05,14

37 GENIETS Kevin 1.19,16

68 KOCKELMANN Mathieu 1.50,19

88 KESS Alexandre 2.52,35

91 URY Noé 2.59,22

93 WALLENBORN Arno 3.02,31

D'Generalklassement

1 VAN DER POEL Mathieu 12:41:18
2 AYUSO Juan 0:03
3 VANSEVENANT Mauri,,
4 HIRSCHI Marc 0:08
5 TIBERI Antonio  0:10
6 SWEENY Harry 0:28
7 GAUDU David 0:39
8 PIGANZOLI Davide 0:46
9 WENZEL Mats 0:57
10 KELDERMAN Wilco 1:02

33 JUNGELS Bob 3:01

46 GENIETS Kevin 10:23

55 WALLENBORN Arno 13:24

61 KIRSCH Alex 18:34

77 URY Noé 28:39

91 KESS Alexandre 35:42