Zanter 4 Joer ass d'Nina Berton am professionelle Cyclissem ënnerwee. Déi nächst Saison wiesselt d'Lëtzebuergerin d'Ekipp an hëlt een neien Challenge un.

D'Nina Berton geet en neien Challenge un / Reportage Nina Berton

Wärend zwou Saisone ass d'Nina Berton fir Ceratizit gefuer. Ënnert anerem ass d'Coureuse mat där Ekipp 2 Mol den Tour de France gefuer. Elo steet awer ee Wiessel virun der Dier. Fir déi nächst zwee Joer huet d'Lëtzebuergerin bei EF Oatly Cannondale ënnerschriwwen. An där Ekipp fiert ënnert anerem och d'Kristen Faulkner. D'US-Amerikanerin huet op den Olympesche Spiller zu Paräis d'Goldmedail op der Strooss gewonnen.
 
Bei der neier Ekipp hofft d'Nina Berton, an Zukunft bei méi klenge Courssen eng Leader-Roll kënnen ze iwwerhuelen. Si soll och manner Course-Deeg um Programm hunn, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war.
 
D'Nina Berton huet elo 23 Joer. EF Oatly Cannondale ass déi drëtt Profistatioun an der Karriär vun der Coureuse.