203 wallonnéiert Kilometer stoungen en Donneschdeg tëscht Saint-Just-en-Chevalet à La Côte-Saint-André fir d'Coureuren um Programm.

Op der 5. Etapp vu Paris-Nice gouf et eng Victoire fir de Fransous Lenny Martinez, dee sech an der schwéierer Schlussmontée knapp géint säi Compatriot Clément Champoussin konnt behaapten.
 
Beschte Lëtzebuerger war de Kevin Geniets. Als 31. hat hien e Retard vun 1 Minutt an 18 Sekonnen. De Bob Jungels huet als 83. bal 8 Minutte verluer. Den Alex Kirsch gouf de 94. op iwwer 10 Minutten.
 
Leader am General ass elo den US-Amerikaner Matteo Jorgenson. Hien huet eng Avance vun 22 Sekonnen op de Jonas Vingegaard, deen a Giel an d'Etapp gaange war.
 
De Kevin Geniets ass de 35., de Bob Jungels den 90. an den Alex Kirsch den 106.

D‘Etapp ass mat 100 à l‘heure lassgaangen. An der éischter Stonn Course gouf eng Moyenne vun 49,5 Kilometer gefuer. Ëmmer nees gouf probéiert, eng Echappée op d‘Been ze stellen. Duerch déi extreem héich Vitesse am Peloton huet et awer ganz laang gedauert, bis déi ee Bon de sortie krut. Um Enn waren et de Britt Ben Swift vun Ineos an de Fransous Thibaud Gruel vun FDJ, déi fuere gelooss goufen. Dat awer réischt no 75 Kilometer Course. 
 
Hir Avance op de Peloton ass lues awer sécher bis op déck 3 Minutten eropgaangen. Méi krute si vum Peloton awer net zougestanen. Eng 5 Kilometer virun der Arrivée ass d‘Avance awer zeréckgaangen an den Tobias Foss, och vun Ineos, huet et aus dem Peloton eraus fäerdeg bruecht, fir bei déi zwee Leit un der Spëtzt opzeschléissen. Kuerz drop huet den Norweger an der Côte de Chavagneux attackéiert a konnt sech och vun deenen zwee anere Coureuren ofsetzen.
 
17 Kilometer virun der Arrivée, um Fouss vun der Côte d'Arzay huet de Kevin Geniets aus dem Peloton eraus attackéiert. Doropshin ass dee Peloton ganz kleng ginn. Un der Spëtzt ass awer de Foss bliwwen.
 
Um Fouss vun der Schlussmontée, d‘Côte d'Arzay erop, gouf de Foss vum Peloton mat de Favoritte geschléckt. An der ganz schwéierer Montée erop op d‘Arrivée hat de Lenny Martinez déi beschte Been. De Fransous setzt sech knapp viru sengem Compatriote Clément Champoussin duerch. Drëtte gouf den US-Amerikaner Matteo Jorgensen.
 
Als beschte Lëtzebuerger kënnt de Kevin Geniets mat engem Retard vun 1 Minutt an 18 Sekonnen op déi 31. Plaz.
 
Leader am General ass elo de Jorgenson. Hien huet 22 Sekonnen Avance op de Jonas Vingegaard a 36 Sekonnen op den Däitsche Floria Lipowitz.

Paris-Nice: Lenny Martinez wënnt 5. Etapp, Jorgenson nees a Giel (Replay)
En Donneschdeg stoung nees eng schwéier Etapp mat enger Biergarrivée um Programm.

D'Klassement vun der Etapp

1 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 4:36:23
2 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 0:03
3 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike ,,
4 TEJADA Harold XDS Astana Team ,,
5 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 0:06
6 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 0:07
7 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 0:11
8 VAN WILDER Ilan Soudal Quick-Step 0:16
9 SHEFFIELD Magnus INEOS Grenadiers ,,
10 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:18
...
31 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:18
83 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 7:57
94 KIRSCH Alex Lidl - Trek 10:01

De General

1 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 16:27:26
2 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:22
3 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 0:36
4 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 0:40
5 MARTINEZ Lenny Bahrain - Victorious 0:55
6 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:57
7 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 1:05
8 ARENSMAN Thymen INEOS Grenadiers 1:14
9 CHAMPOUSSIN Clément XDS Astana Team 1:22
10 TEJADA Harold XDS Astana Team 1:24
...

35 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 8:10
91 JUNGELS Bob INEOS Grenadiers 26:39
109 KIRSCH Alex Lidl - Trek 33:31