Schlussvictoire fir de Joao Almeida, Luc Wirtgen fiert d'Course net op en Enn

© afp
No enger Victoire op der leschter Etapp huet sech de João Almeida (UAE Team Emirates-XRG) och de General beim Tour duerch d'Baskeland geséchert.
Op der leschter Etapp goung et iwwer 153,3 Kilometer ronderëm Eibar. No der leschter Montée ware just nach de Joao Almeida an den Enric Mas (Movistar Team) un der Spëtzt an de Portugies konnt sech um Enn duerchsetzen. Op déi 3. Plaz koum de Ben Healy (EF Education - EasyPost) mat engem Retard vun 13 Sekonnen. De Lëtzebuerger Luc Wirtgen ass déi lescht Etapp net op en Enn gefuer.
Am General huet sech den Almeida och d'Schlussvictoire virum Mas an dem Maximilian Schachmann (Soudal Quick-Step) geséchert.
D'Klassement vun der Etapp
1 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 3:56:54
2 MAS Enric Movistar Team ,,
3 HEALY Ben EF Education - EasyPost +0:13
4 DEL TORO Isaac UAE Team Emirates - XRG +0:28
5 ARANBURU Alex Cofidis +0:58
De General
1 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 20:04:49
2 MAS Enric Movistar Team +1:52
3 SCHACHMANN Maximilian Soudal Quick-Step +1:59
4 LIPOWITZ Florian Red Bull - BORA - hansgrohe +2:07
5 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek +2:17