Giro d'Italia: 4. Etapp
Victoire fir de Casper van Uden, Geniets op Plaz 86 a Ries op 102

© Luca Bettini / AFP
Am Cyclissem gouf et op der 4. Etapp vum d‘Giro d‘Italia eng Victoire vum Casper van Uden.
Den Hollänner konnt sech am Sprint virum Olav Kooij an dem Maikel Zijlaard duerchsetzen. Déi éischt 3 Plaze sinn deemno fest an hollännescher Hand.
De Mann am Rosa Trikot, de Mads Pedersen, koum en Dënschdeg op déi 4. Plaz. Am General bleift hien awer virop 7 Sekonne virum Primoz Roglic.
Als beschte Lëtzebuerger kënnt de Kevin Geniets op déi 86. Plaz. De Michel Ries klasséiert sech als 102. Allebéid an der selwechter Zäit wéi de Vainqueur.
Am meeschte gelies