Op der 6. Etapp ass et iwwer schwéier 127 Kilometer vu Valserhône op Combloux gaangen.

Den Tadej Pogacar huet e Freideg op der 6. Etapp vum Critérium du Dauphiné senger Konkurrenz keng Chance gelooss. De Sloween huet 7,5 Kilometer virun der Arrivée attackéiert an huet uewen aus op der Côte de la Cry en solitaire gewonnen. Hien hat no den 127 Kilometer eng Avance vun enger Minutt an enger Sekonn op de Jonas Vingegaard aus Dänemark. Als Drëtten ass de Florian Lipowitz aus Däitschland ukomm. Hien hat e Retard vun enger Minutt an 22 Sekonnen.

Den Tadej Pogacar ass virun de leschten zwou Etappen elo den neie Leader am General. Hien huet eng Avance vun 43 Sekonnen op de Jonas Vingegaard a 54 Sekonnen op de Florian Lipowitz.

De Remco Evenepoel, deen a Giel an d'Etapp gaange war, huet um Freideg eng Minutt a 50 Sekonne verluer an ass am General op déi véiert Plaz zeréckgefall.

De Michel Ries ass e Freideg den 51. op iwwer 13 Minutte ginn. Am General ass hien de 64..

D'Klassement vun der Etapp

1. Pogačar Tadej – UAE Team Emirates – 2:59:46
2. Vingegaard Jonas – Team Visma | Lease a Bike – +1:01
3. Lipowitz Florian – Red Bull - BORA - hansgrohe – +1:22
4. Jorgenson Matteo – Team Visma | Lease a Bike – +1:30
5. Evenepoel Remco – Soudal Quick-Step – +1:50
6. Baudin Alex – EF Education - EasyPost – +1:56
7. Johannessen Tobias Halland – Uno-X Mobility – +2:03
8. Barré Louis – Intermarché - Wanty – +2:04
9. Tulett Ben – Team Visma | Lease a Bike – +2:04
10. Seixas Paul – Decathlon AG2R La Mondiale Team – +2:04
... 
51. Ries Michel – Arkea-B&B Hotels – +13:31

De General

1. Pogačar Tadej – UAE Team Emirates - XRG – Retard: 21:35:08
2. Vingegaard Jonas – Team Visma | Lease a Bike – Retard: 0:43
3. Lipowitz Florian – Red Bull - BORA - hansgrohe – Retard: 0:54
4. Evenepoel Remco – Soudal Quick-Step – Retard: 1:22
5. Jorgenson Matteo – Team Visma | Lease a Bike – Retard: 1:41
6. Dunbar Eddie – Team Jayco AlUla – Retard: 2:28
7. Barré Louis – Intermarché - Wanty – Retard: 2:39
8. Seixas Paul – Decathlon AG2R La Mondiale Team – Retard: 2:49
9. Johannessen Tobias Halland – Uno-X Mobility – Retard: 3:21
10. Tulett Ben – Team Visma | Lease a Bike – Retard: 3:26
...
64. Ries Michel – Arkéa - B&B Hotels – 21:42