Jenno Berckmoes wënnt d'Etapp, Filippo Baroncini neie Leader am General

© AFP
Bei der 4. an domat virleschter Etapp stoungen e Samschdeg 173 Kilometer ronderëm Durbuy um Programm.
Ee Grupp aus 4 Coureuren hat bis op d'Zillinn eng kleng Avance op de Peloton, an deem och d'Top 3 aus dem General waren. De Belsch Jenno Berckmoes konnt sech kuerz viru Schluss ofsetzen an d'Etapp esou fir sech decidéieren, dat mat 5 Sekonnen Ecart op den Italiener Marco Frigo an den Orluis Aular aus Venezuela.
De Filippo Baroncini ass mam selwechte Retard de 4. ginn. Den Italiener war virun der Etapp schonn de 4. am Generalklassement an huet mat dësem Resultat d'Féierung iwwerholl. Den Ethan Hayter an den Jenno Berckmoes leien awer virun der leschter Etapp just 4 respektiv 7 Sekonnen hannert dem Baroncini.
Den Arthur Kluckers ass iwwer 13 Minutten nom Vainqueur als 72. iwwer d'Zillinn gefuer, woumat hien am General op déi 69. Plaz zréckgefall ass.
D'Klassement vun der Etapp
1 BERCKMOES Jenno Lotto 4:00:34
2 FRIGO Marco Israel - Premier Tech 0:05
3 AULAR Orluis Movistar Team ,,
4 BARONCINI Filippo UAE Team Emirates - XRG ,,
5 DELETTRE Alexandre Team TotalEnergies 0:17
6 AERTS Toon Lotto ,,
7 SMITH Dion Intermarché - Wanty ,,
8 HOLTER Ådne Uno-X Mobility ,,
9 CÔTÉ Pier-André Israel - Premier Tech ,,
10 VERMEERSCH Florian UAE Team Emirates - XRG ,,
...
72 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 13:27
De General
1 BARONCINI Filippo UAE Team Emirates - XRG 12:42:29
2 HAYTER Ethan Soudal Quick-Step 0:04
3 BERCKMOES Jenno Lotto 0:07
4 GANNA Filippo INEOS Grenadiers 0:10
5 FRIGO Marco Israel - Premier Tech 0:11
6 VERMEERSCH Florian UAE Team Emirates - XRG 0:16
7 AULAR Orluis Movistar Team 0:18
8 PHILIPSEN Jasper Alpecin - Deceuninck 0:22
9 CÔTÉ Pier-André Israel - Premier Tech 0:23
10 VAN DER TUUK Axel Metec - SOLARWATT p/b Mantel ,,
...
69 KLUCKERS Arthur Tudor Pro Cycling Team 13:42