Zu Veianen stoung e Samschdeg déi éischt Editioun vum Éislek Gravel um Programm.

Disziplin ass e Mix aus Stroossen- a Cyclo-Cross-Vëlo a gëtt weltwäit ëmmer méi grouss. Am Norde vum Land sinn e puer vun deene beschte Spezialisten um Depart gewiescht. An deene verschiddene Kategorië waren Distanze vu 70 oder 115 Kilometer ze fueren.

Um 10 Auer sinn déi éischt Coureure fortgefuer. D'Sportlerinnen a Sportler goufen a kuerzen Ofstänn an hiren Altersgruppen op deen extrem schwéieren, awer wonnerschéine Parcours geschéckt. Bei den héijen Temperature ware fir déi 115 Kilometer 2 an en hallwen Tour ze fueren. Den éischten Deel vum Parcours ass duerch Veianen gaangen an op der Lëtzebuerger Säit bliwwen, fir den zweeten Deel ass ee bei eis däitsch Nopere eriwwer gefuer.

Gutt 11 Prozent vun de Ronn 1500 Sportler koumen aus Lëtzebuerg. Bei der Elite vun den Damme war d'Course fir d'Marie Schreiber séier eriwwer. No 15 Kilometer hat si e Platten an huet mussen opginn. Um Enn konnt sech déi Däitsch Rosa Klöser behaapten.

Den Tim Diederich war sengersäits bei der Elite vun de Männer gutt ënnerwee a louch no hallwer Course op der 40. Plaz. De Coureur vum Team Snooze konnt sech awer nach Reserve fir de leschten Deel halen. D'Entscheedung ëm d'Victoire ass am Sprint gefall. Den Hollänner Mathijs Loman war op de leschte Meter méi séier wéi den Tschech Petr Vakoc a säi Landsmann Mees Hendrikx. Den Tim Diederich ass als ganz staarken 23. iwwer d`Arrivée gefuer.

Déi éischt hu fir déi 115 Kilometer manner wéi 3 an eng hallef Stonn gebraucht, dat ass eng impressionant Moyenne vun iwwer 33 Kilometer an der Stonn. All déi aner ware vill méi laang ënnerwee an hunn elo e Joer Zäit, fir sech op eng zweet Editioun ze preparéieren. D'Lëtzebuerger Ardennen hunn de Sportler haut alles ofverlaangt.