En Donneschdeg den Owend war den Optakt vum Championnat am Cyclissem zu Mäerzeg. Gesicht goufen déi nei Championen am Zäitfueren.

Bei den DammenElite mat Kontrakt ass d'Marie Schreiber hirer Favoritteroll gerecht ginn an huet sech souverän de Championstitel am Zäitfuere geséchert. D'Profi vun der Ekipp SD Worx-Protime (CT Atertdaul) huet um selektive Parcours a bei vill Wand fir déi 20 Kilometer 27 Minutten, 55 Sekonnen an 8 Honnertstel gebrauch. D'Nina Berton (EF Education Oatly / CT Atertdaul) ass déi Zweet ginn op eng Minutt a 15 Sekonnen.

Marie Schreiber: "Extrem flott, fir den Elite-Titel ze feieren"
D'Marie Schreiber ass u sech nach Espoir, ma si hat eng Demande gemaach, fir bei der Elite dierfen ze starten. An esou ass si do Zäitfuer-Championne ginn.

D'Mäité Barthels (CT Atertdaul) war déi séiersten Damm ouni Kontrakt. Nach op de Podium komm sinn d'Elisa Kockelmann (CCI Déifferdeng) an d'Charlotte Wild (UC Dippech).

Den U23-Titel ass fir d'Liv Wenzel (CT Aterdaul). Sëlwer a Bronze sinn un d'Layla Barthels (CT Atertdaul) an un d'Malou Bollig (CT Atertdaul) gaangen.

Bei den Hären Elite mat Kontrakt ass de Bob Jungels zeréck am rout-wäiss-bloe-Maillot. De Profi vun Ineos Grenadier (UC Dippech) huet fir déi 20 Kilometer 24 Minutten, 9 Sekonnen an 92 Honnertstel gebraucht. Domadder war hien 3,351 Sekonne méi séier wéi den Alex Kirsch vun der Ekipp Lidl-Trek. De Champion vun zejoert Arthur Kluckers (Tudor Pro Cycling Team / VC Schengen) huet sech misse mat der drëtter Plaz zefridde ginn. Hien hat e Retard vu 17 Sekonnen.

Bob Jungels: "Et ass laang hier, datt ech d'Äerm konnt an d'Luucht strecken"
De Bob Jungels ass zeréck am rout-wäiss-bloe-Maillot. Hien huet sech en Donneschdeg de Championstitel am Zäitfuere geséchert.

Tim Diederich (Team Snooze) heescht op en Neits de Champion bei den Hären Elite ouni Kontrakt. Hien huet sech virum Charel Meyers (VCU Schwenheim) an dem Tom Paquet (UC Dippech) duerchgesat.

De Championstitel bei den Espoiren ass no enger ganz staarker Leeschtung un de Matthieu Kockelmann vum Lotto Development Team (CCI Déifferdeng) gaangen. Hie war nëmmen 13 Sekonne méi lues wéi de Bob Jungels. D'Plazen zwee an dräi ware fir den Arno Wallenborn (Tudor Pro Cycling Team / Team Snooze) an den Alexandre Kess (Team Lotto Kern-Haus PSD Bank / CT Kayldall).

Bei de Junioren heescht de Champion Flavio Astolfi (26:35,259) (UC Dippech). Sëlwer ass fir de Lenn Schmitz (UC Dippech) mat engem Retard vu 35 Sekonnen. A Bronze geet un de Lennox Papi (Cycling Team Toproad Réiserbann) mat engem Retard vun 39 Sekonnen. De Jonah Flammang-Lies (UC Dippech) huet de Podium ëm eng Sekonn verpasst.

Bei de Juniorinne war d'Elena Lopes (11:18,142) (CT Aterdaul) déi Séierst. Op de Podium sinn nach d'Lena Lallemang (CT Aterdaul) an d'Kylie Bintz (Vëlosfrënn Gusty Bruch) gefuer. Si haten e Retard vun 22 Sekonne respektiv enger Minutt an 38 Sekonnen.

Bei den Débutants war d'Zäitfuere ganz enk. Um Enn hat den Dave Cichy (10:27,115) (Cycling Team Toproad Réiserbann) d'Nues vir. De Yanis Molter (CC Chevigny) ass mat engem Retard vun 1,9 Sekonnen deen Zweete ginn. Iwwer Bronze konnt sech de Loris Morbé (Cycling Team Toproad Réiserbann) freeën. Hien hat e Réckstand vu 5,2 Sekonnen. De Ben Koenig (CT Atertdaul) huet de Podium mat engem Retard vu 6,8 Sekonne knapp verpasst.

Bei den Débutants Meedercher ass de rout-wäiss-bloe-Maillot un d'June Nothum (11:46,95) (UC Dippech) gaangen. Hatt huet sech kloer virum Amy Breuer (CT Aterdaul) (+1:02,114) an dem Chiara Christen (UC Dippech) (+1:27,905) duerchgesat.

Bei de Masters huet sech de Patrick Rauen (28:32,192) (HIR Schëtter) de Championstitel geséchert. Hien huet sech mat enger Avance vun 29 Sekonne virum Dany Papi (Cycling Team Toproad Réiserbann) behaapt. De Marc Scheller (SF Zéisseng) huet mat engem Retard vun 39 Sekonnen de Podium komplettéiert.

Bei de Masters Damme war d'Claudine Bintz (Vëlosfrënn Gusty Bruch) déi Séierst. Hei war nëmmen eng Damm um Depart.

Am Zäitfuere stounge 7 Kilometer (Débutants, Juniorinnen) respektiv 20 Kilometer (Hären Elite, Dammen Elite, Espoiren, Junioren a Masters) um Programm.

E Reportage iwwer d'Championnat am Zäitfuere gëtt et e Freideg den Owend am Journal op der Tëlee.

D'Stroossecoursse ginn e Samschdeg an e Sonndeg gefuer

E Samschdeg ass et d'Suite vum Lëtzebuerger Championnat. Um 13.30* Auer gëtt d'Stroossecourse vun de Minimes (m/f) gefuer an um 13.32 Auer ass et un de Cadets (m/f). Um Programm stinn 28 respektiv 42 Kilometer. Um 15.30 ginn dann d'Débutants op hir 60 Kilometer an um 18 Auer sti fir d'Masters nach 80 Kilometer um Programm.

E Sonndeg ass dann de leschten Dag vum Championnat op der Strooss. Lass geet et um 10 Auer fir d'Junioren. Si hunn 80 Kilometer ze fueren. Och um 10 Auer starten d'Dammen. D'Elite fueren 80-100 Kilometer an d'Juniorinne 60 Kilometer. Den Ofschloss mécht d'Elite- an d'U23-Course um 14 Auer. Um Menü stinn 140 Kilometer. Bei den Espoire gëtt kee Champion gesicht. Si hunn de 6. Juli bei der 4-Länner-Meeschterschaft hiert eegent Championnat.

*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, datt d'Minimes um 14h30 an d'Cadets um 14h32 géinge starten. Den Depart ass awer eng Stonn éischter.

Hei d'Startlëscht fir d'Courssen de Weekend.

Hei fannt Dir all d'Informatiounen iwwer d'Championnat 2025.