Déi leschten Etapp huet iwwerdeems d'Liane Lippert aus Däitschland am Sprint gewonnen. Nina Berton fiert op der Positioun 33 iwwert d'Arrivée.

Déi lescht Etapp vum Giro d'Italia Damme goung iwwer 134 Kilometer vu Forli op Imola, wou een och iwwer de Formel1-Circuit gefuer ass. Net manner wéi 8 Koppen (5 vun der 3. Kategorie an 3 vun der 4. Kategorie) stoungen um Programm.

D'Etapp gouf vum Liane Lippert aus Däitschland gewonnen. Déi däitsch Cyclistin vum Movistar Team setzt sech am Sprint virun der Hollännerin Anna van der Breggen duerch. Déi drëtte Plaz ass fir d'Schwäizerin Marlen Reusser. D'Lëtzebuergerin Nina Berton vun EF Education-Oatly fiert op der leschter Etapp mat engem Retard vun 2 Minutten an 1 Sekonn op déi 33 Plaz.

Virun der leschter Etapp hat d'Longo Borghini 22 Sekonne Virsprong op d'Marlen Reusser an 1'11'' op d'Sarah Gigante. Am General huet sech un der Spëtzt op der leschter Etapp näischt mei gedoen. Eenzegt Marlen Reusser konnt 4 Sekonnen op d’Elisa Lono Borghini gutt gemaach - de Sprong ganz no vir sollt hier awer net geléngen. Domatt steet fest dass d'Elisa Longo Borghini de rosa Maillot gewënnt.

Am General klasséiert sech d'Nina Berton op der 48. Plaz mat engem Retard vu 57 Minutten a 45 Sekonnen.

Klassement vun der Etapp

1 LIPPERT Liane    Movistar Team 3:40:07
2 VAN DER BREGGEN Anna Team SD Worx – Protime 0:00
3 REUSSER Marlen Movistar Team 0:08
4 LONGO BORGHINI Elisa UAE Team ADQ 0:08
5 MUZIC Évita FDJ – SUEZ 0:08

33 Berton Nina EF Education-Oatly + 02:01

De General

1 LONGO BORGHINI Elisa UAD 24:37:03 -
2 REUSSER Marlen MOV 0:18
3 GIGANTE Sarah AGS 1:11
4 ROOIJAKKERS Pauliena FDC 2:55 
5 NIEDERMAIER Antonia CSZ 3:07

48 BERTON Nina EF Education-Oatly 57:45