Jungels wënnt no Solo iwwer 40 Kilometer déi leschten Etapp

© AFP (Archiv)
Am Tour duerch Éisträich gouf e Sonndeg déi 5. a domatt leschten Etapp gefuer. Schlussgewënner ass den Isaac del Toro vun UAE.
De Bob Jungels huet en solitaire déi leschten Etapp iwwer 144.2 Kilometer vu Feldkirch op Feldkirch gewonnen. De Lëtzebuerger vum Team Ineos Grenadiers ass déi lescht 40 Kilometer eleng un der Spëtz gefuer a feiert domat eng impressionant Victoire. Fir de Bob Jungels ass et seng 1. Victoire fir Ineos.
Op der Arrivée hat hien eng Avance vun 1. Minutt a 45 Sekonnen op de Portugis Rui Costa vun EF Education.
Schlussgewënner vum Tour duerch Éisträich gëtt de Mexikaner Isaac del Toro vun UAE Team-Emirates, zweete vum Giro d'Italia vun dësem Joer. Op d'Plazen zwee an dräi fueren den Archie Ryan an de Rafael Majka. De Bob Jungels fiert no 5. Etappen op déi 17. Plaz mat engem Retard vu genau 7 Minutten.