Lëtzebuerger Fans laanscht d’Streck an e Sloween, deen d'Course dominéiert

© Privat
Am Tour de France ass um Méindeg dee leschte Roudag. Den Tadej Pogacar dierft schwéier ze schloe sinn.
Do si sech Fans an Experten eens.
Den Nico Dhamen ass ee vu ville Lëtzebuerger Fans, déi een den Ament ëmmer nees laanscht d’Stréck stoe gesäit.
D’Passioun fir den Tour de France ass net nei: “Och scho mäi Papp war begeeschtert vum Tour de France. Mir kommen elo scho bal 30 Joer an d’Pyrenäen Etappe kucken, wa mir um Camping sinn.”
Tour schonn entscheet?
Fir de Lëtzebuerger Fan ass den Tour scho bal gelaf an awer: “Elo kommen nach d’Alpen, et weess een ni, wat geschitt. Komm mir waarde Mol nach of.”
Eng Meenung déi och den RTL-Expert Kim Kirchen deelt:
“De Pogacar ass einfach am Moment dee Stäerksten an dat beweist en och op all Etapp, am Zäitfuere wéi och an de Bierger. Dat war och e bësse virauszegesinn. De Vingegaard, deen natierlech e bësse Plomme gelooss huet am Ufank vum Tour, déi éischt Woch, huet ze vill Zäit verluer, ass och nodenklech ginn an huet sech awer elo erëmkaaft, virun e puer Deeg, esou datt d'Moral trotzdeem bei Visma e bësse besser ass. An e Vingegaard, wann en d'Been huet, da wäert en an der leschter Woch nach eng Kéier probéieren an dann hofft een eventuell op e Pogacar, dee Schwieregkeeten huet. Op jidder Fall, ech soen et ëmmer erëm, en Tour de France ass schwéier, an och fir e Pogacar ginn et schwéier Deeg. A wann een do e Feeler mécht, da kann een och do nach eng Kéier richteg a Schwieregkeete kommen, wéi dat jo schonn eng Kéier de Fall war.”
Flottste Moment an dësem Tour?
De Vëlosexpert Tom Flammang kommentéiert zanter ville Joren den Tour de France. Dee flottste Moment an dësem Joer war d’Victoire vum Ben Healy an der Normandie. Den Ir war eng vun de groussen Decouverte vum Tour dëst Joer. De Ben Healy, deen 2023 déi schwéier drëtten Etapp vum Tour de Luxembourg zu Veiane gewonnen huet.
Den Nico Dhamen ass begeeschter, wéi UAE, d’Ekipp vum Tadej Pogacar dësen Tuer reegelrecht dominéiert a kontrolléiert. Et wier schued, dass kee Lëtzebuerger dëst Joer dobäi ass.
Pogacar oder Vingegaard? Dee beschte soll gewannen. “Fiert e Lëtzebuerger am Peloton mat, da si mir Lëtzebuerg-Fan”, esou de Supporter.
Um Dënschdeg steet déi 16. Etapp um Programm. Do geet et iwwer 171,5 Kilometer vu Montpellier op de Mont Ventoux erop. RTL iwwerdréit och dës Etapp.