Däitsche Proficyclist hält mat 21 Joer op

© DAVID PINTENS / BELGA MAG / Belga via AFP
De Louis Kitzki huet zu de groussen Talent gezielt, poursuivéiert seng Profikarriär awer net weider, well hien 2 déidlech Accidenter materlieft huet.
Mat 21 Joer klëmmt den Däitsche Louis Kitzki vum Vëlo. Bedenke wéinst der Sécherheet sinn den Haaptgrond fir seng Entscheedung. Den ambitionéierten Amateursportler hat 2023 d'Zwift Academy gewonnen a sech domat e Kontrakt bei de Profie vun Alpecin-Deceuninck verdéngt. Op de soziale Medien huet den Däitsche seng Entscheedung erkläert.
De Kitzki war bei zwou Courssen am Peloton, an deenen et zu déidlechen Tëschefäll komm war. Bei der Tour of Austria 2024 war den Norweeger André Drege schwéier verongléckt, an dëst Joer hat sech beim Giro Valle d'Aosta den Italiener Samuele Privitera bei enger Chute déidlech Blessuren zougezunn. Spéitstens no deem Accident war fir de Kitzki kloer, dass hien als Profi wäert ophalen. Scho beim Tëschefall an Éisträich war hien op deem Punkt ukomm, mee hat dunn awer weidergemaach an d'Realitéit ënnerdréckt.
De Kapp muss funktionéieren
Den 21 Joer ale Profi huet och zouginn, dass hie seng Leeschtungen aus dem Training ni an eng Course ëmsetze konnt. No der Tour of Austria wier hie net méi dee selwechte gewiescht, well hie sech ëmmer méi Suergen ëm seng Sécherheet gemaach hätt, sou datt hie sech ëmmer manner wuel gefillt hätt am Peloton. D'Coursse goufen zu engem Nieweneffekt, dee beim Geldverdénge gestéiert huet. De Spaass war dem Däitsche vergaangen, a bei chaoteschen Etappe wier hien och alt brutal agebrach. Ouni de Kapp kann de Kierper net gutt funktionéieren.
De Louis Kitzki huet sengen Traineren an de Responsabele Merci gesot a bedauert d'Entwécklung am Cyclissem. Trotzdeem ass hie sech senger Entscheedung sécher a steet zu 100 Prozent dohannert.