D'Vuelta ass ëmmer eng schwéier an oppe Course, sou de Bob Jungels
Fir de Lëtzebuerger ass et déi véiert Participatioun bei der Vuelta. Mat dobäi war hie bis ewell 2014, 2017, 2022 an elo 2025.
De Lëtzebuerger Champion am Zäitfuere Bob Jungels geet e Samschdeg als eenzege Lëtzebuerger un den Depart vum Tour d'Espagne. Ineos-Grenadiers geet mat enger staarker Ekipp un den Depart. En Donneschdeg de Moien huet een iwwer déi sozial Medien déi final Ekipp bekannt ginn.
Nieft dem Bob Jungels sinn dës ënner anerem nach de fréieren Tour-de-France-Vainqueur Egan Bernal, deen och de Leader vun der Ekipp ass, de Filippo Ganna, de Routinier a fréiere Weltmeeschter Michal Kwiatkowski oder der Magnus Sheffield.
Am Interview kënnt de Bob Jungels op seng leschte Wochen zréck, vertraut op d'Stäerkt vu senger Ekipp a gesäit eng méi oppe Course ouni den Tadej Pogacar. Mam Egan Bernal probéiert een, eng Top5 vum Generalklassement ze viséieren a mat enger aggressiver Taktik op Etappevictoiren ze fueren.
Fir de Lëtzebuerger ass et deen éischte groussen Tour dës Saison.
Wien d'Favoritte sinn
De grousse Favorit op d'Victoire ass de Jonas Vingegaard. Nach ni konnt en Dän d'Vuelta gewannen. Zum Favorittekrees zielen och de Juan Ayuso an de Joao Almeida, déi allebéid fir d'Ekipp UAE Emirates fueren. Och de Felix Gall, den Giulio Ciccone an den Antonio Tiberi wëllen e Wuert ëm de Podium matschwätzen.
Wéi eng Streck op d'Coureure waart
D'Vuelta a Espana 2025 start an hirer 90 Joer aler Geschicht fir d'éischte Kéier an Italien. Fir d'éischte Kéier zanter 2020 start d'Vuelta nees mat enger normaler Etapp, et geet vun Turin op Novara, déi de Sprinter eng Chance op de Rouden Trikot gëtt. Duerno geet et fréi an d'Bierger. Op der zweeter Etapp ass d'Arrivée zu Limone. Op der 4. Etapp geet et duerch d'Alpen, ier d'Vuelta mat engem Ekippenzäitfuere ronderëm Figueres a Spuenien ukënnt. Da waarden och schonn d'Pyrenäe zu Pal/Andorra a Cerler. An der zweeter Woch stinn de schwéieren Angliru an och d'Biergarrivée zu Alto de Farrapona um Programm. An der drëtter Woch waarde weider haart Etappen op d'Coureuren, dorënner den Alto de El Morredero an dat eenzeg Eenzelzäitfueren op der 18. Etapp. Déi lescht grouss Schwieregkeet fir de General ass de Bierg Bora del Mundo, ier d'Course no dräi Woche mat enger Sprintetapp zu Madrid op en Enn geet. Am Ganze sinn dëst Joer 3.180 Kilometer ze fueren an et geet duerch véier Länner (Italien, Spuenien, Frankräich an Andorra).

© Image La Vuelta