Op der 2. Etapp vum Renewi Tour ass et iwwer 172 Kilometer vu Blankenberg op Ardooie gaangen.

En Donneschdeg huet den Hollänner Olav Kooij déi 2. Etapp vum Renewi Tour gewonnen. Hien huet sech am Massesprint virum Tschech Pavel Bittner an dem Arvid De Kleijn behaapt.

Leader am General ass weiderhin de Belsch Tim Merlier, dat Zäitgläich mam Olav Kooij an dem Dries de Bondt.

Déi dräi Lëtzebuerger Kevin Geniets, Michel Ries an Alex Kirsch sinn op aacht Minutten a 15 Sekonnen als 128., 129. respektiv 140. iwwer d'Arrivée gefuer. Am General ass den Alex Kirsch den 112. op aacht Minutten a 25 Sekonnen. De Michel Ries als 139. an de Kevin Geniets als 142. hunn e Réckstand vun 22 Minutten an 13 Sekonnen.

Top10 vun der Etapp

1 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 3:35:07
2 Bittner Pavel Team Picnic PostNL 0:00
3 de Kleijn Arvid Tudor Pro Cycling Team ,,
4 Girmay Biniam Intermarché - Wanty ,,
5 Groenewegen Dylan Team Jayco AlUla ,,
6 Merlier Tim Soudal Quick-Step ,,
7 Teunissen Mike XDS Astana Team ,,
8 Gudmestad Tord Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
9 Capiot Amaury Arkéa - B&B Hotels ,,
10 Dehairs Simon Alpecin - Deceuninck ,,
...
128 Geniets Kevin Groupama - FDJ 8:15
129 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels ,,
140 Kirsch Alex Lidl - Trek ,,

De General

1 Merlier Tim Soudal Quick-Step 7:15:02
2 Kooij Olav Team Visma | Lease a Bike 0:00
3 De Bondt Dries Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
4 Oliveira Rui UAE Team Emirates - XRG 0:02
5 Bittner Pavel Team Picnic PostNL 0:04
6 De Lie Arnaud Lotto ,,
7 de Kleijn Arvid Tudor Pro Cycling Team 0:06
8 Molano Juan Sebastián UAE Team Emirates - XRG ,,
9 Mohorič Matej Bahrain - Victorious 0:07
10 Tronchon Bastien Decathlon AG2R La Mondiale Team ,,
...
112 Kirsch Alex Lidl - Trek 8:25
139 Ries Michel Arkéa - B&B Hotels 22:13
142 Geniets Kevin Groupama - FDJ ,,