Jonas Vingegaard gewënnt um Bola del Mundo a steet kuerz viru Schlussvictoire

© AFP (Archiv)
Dem Vingegaard säi Virsprong virun der leschter Etapp op de João Almeida läit bei 1 Minutt a 16 Sekonnen. Et ass dem Dän seng 3. Victoire bei dëser Vuelta.
Op der zweetleschter Etapp vun der Vuelta ass et iwwer 164 Kilometer gaangen. Fir d'Coureure stounge 5 Koppen um Programm, op deene leschte 50 Kilometer e Col vun der 1. Kategorie an d'Schlussmontée erop op Bola del Mundo, e Bierg vun der "hors catégorie".
Gewonnen huet d'Etapp de Jonas Vingegaard, mat 11 Sekonne Virsprong op de Sepp Kuss an 13 Sekonnen op den Jai Hindley. De João Almeida klasséiert sech hannert dem Pidcock op der 5. Plaz, mat engem Retard vun 22 Sekonnen. e De Bob Jungels gëtt den 49. op 13 Minutten a 45 Sekonnen.
Am General baut de Vingegaard virun der leschter Etapp e Sonndeg säi Virsprong domat weider aus. Den Dän läit no 20. Etappen eng Minutt a 16 Sekonne virum João Almeida a wäert, wann alles riicht leeft, e Sonndeg d'Vuelta 2025 gewannen. Hei klasséiert sech de Bob Jungels als 44.
De Mikel Landa ass als Solist eng 12 Kilometer virun der Arrivée an déi lescht Schwieregkeet vum Dag gaangen, hie war deel vun engem gréissere Spëtzegrupp, zu deem och den Giulio Ciccone gehéiert huet, deen eng 9 Kilometer virun der Arrivée op de Landa erugefuer ass. De Grupp mat de Favoritten ëm de Jonas Vingegaard an de João Almeida louchen zu dësem Zäitpunkt awer just eng Minutt hannendrun.
3,5 Kilometer virun der Arrivée goufen déi zwee Spëtzeleit ageholl. Phaseweis goung et mat 17% biergop. 1 Kilometer virun der Arrivée huet de Roude Maillot Jonas Vingegaard attackéiert an huet seng Konkurrente stoe gelooss. De Coureur vum Team Visma-Lease a Bike fiert mat 11 Sekonne Virsprong op de Sepp Kuss iwwer de wäisse Stréch, gewënnt seng 3. Etapp bei dëser Vuelta a steet kuerz virun der Schlussvictoire. E Sonndeg gëtt déi lescht Etapp gefuer.
D'Klassement vun der 20. Etapp
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 03:56:23
2 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike + 11
3 Hindley Jai Red Bull-BORA-hansgrohe + 13
4 Pidcock Tom Q36.5 Pro Cycling Team + 18
5 Almeida João UAE Team Emirates-XRG + 22
6 Riccitello Matthew Israel-Premier Tech + 24
7 Vine Jay UAE Team Emirates-XRG + 47
8 Ciccone Giulio Lidl-Trek + 01:11
9 Lecerf Junior Soudal Quick-Step + 01:22
10 Pickering Finlay Bahrain Victorious + 01:30
49 Jungels Bob INEOS Grenadiers + 13:45
De General no der 20. Etapp
1 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 72:53:57
2 Almeida João UAE Team Emirates-XRG + 01:16
3 Pidcock Tom Q36.5 Pro Cycling Team + 03:11
4 Hindley Jai Red Bull-BORA-hansgrohe + 03:41
5 Riccitello Matthew Israel-Premier Tech + 05:55
6 Pellizzari Giulio Red Bull-BORA-hansgrohe + 07:23
7 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike + 07:45
8 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team + 07:50
9 Træen Torstein Bahrain Victorious + 09:48
10 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike + 12:10
44 Jungels Bob INEOS Grenadiers + 02:04:14