Dobäi leit de Fokus vun der Federatioun op der Europameeschterschaft zu Drome-Ardeche a Frankräich.

Wat d'Weltmeeschterschaft ugeet, schéckt d'Lëtzebuerger Vëlosfederatioun mam Gwen Nothum an dem Marie Schreiber just 2 Leit. Bei den Häre gouf deemno kee selektionéiert. Déi zwou Damme starten an der U23-Course.

D'Weltmeeschterschaft gëtt dëst Joer vum 21. bis den 28. September zu Kigali, der Haaptstad vum Ruanda an Afrika organiséiert. Et ass déi 1. Kéier iwwerhaapt, dass eng Stroosse-Weltmeeschterschaft am Vëlossport op afrikaneschem Buedem organiséiert gëtt.

Bei der Europameeschterschaft zu Drome-Ardeche a Frankräich, déi vum 1. bis de 5. Oktober ass, wäerten dogéint eng sëlleg Lëtzebuerger mat um Depart sinn, dat huet d'Vëlosfederatioun e Sonndeg bekannt ginn.

Bei den Häre sinn dat ënnert anerem den Alex Kirsch, den Arthur Kluckers, de Mats Wenzel an de Kevin Geniets. Bei den Damme sinn nieft dem Marie Schreiber (U23) ënnert anerem och nach d'Liv Wenzel (U23) an d'Nina Berton (Elite) selektionéiert ginn. Och bei de Juniore wäert Lëtzebuerg bei den Dammen an den Häre vertruede sinn.

Hei dat offiziellt Schreiwes mam komplette Kader vun der FSCL.