Déi 85. Editioun vum Tour de Luxembourg geet mat enger Victoire vum Romain Grégoire op en Enn. Hie konnt sech no enger Attack am Pabeierbierg duerchsetzen.

No 176 Kilometer vu Miersch an d'Stad Lëtzebuerg duerft sech de Romain Grégoire iwwer d'Victoire freeën. Domat stoung wéi d'lescht Joer mam David Gaudu e Fransous bei der leschter Etapp ganz uewen. Duerch d'Victoire huet de Grégoire och d'Klassement vum beschte Sprinter gewonnen. De Ben Healy huet sech musse geschloe ginn.

Mat der gewinnter Arrivée um Lampertsbierg war och kloer, dass de Brandon McNulty de Maillot jaune behale géif, deen hien e Samschdeg nom Contre la montre zu Nidderaanwen iwwerholl hat. De Lëtzebuerger Mil Morang huet d'Kategorie vum Biergtrikot gewonnen. De Mattias Skjelmose gëtt beschte Jonken an d'Ekipp UAE ass déi bescht Ekipp.

RTL

D'Plazen 1, 2 an 3 vum General: Mattias Skjelmose (lénks), Brandon McNulty (Mëtt), Richard Carapaz (riets) / © Roland Miny

Och d'Lëtzebuerger hu bei dëser schwiereger Etapp op sech opmierksam gemaach. De Mats Wenzel war laang am Coup fir d'Victoire.

Skoda Tour de Luxembourg - De leschte Kilometer vun der 5. Etapp
De Romain Grégroire setzt am Pabeierbierg zur decisiver Attack un a gewënnt déi lescht Etapp.

De Resumé

Déi ganz Course iwwer haten d'Coureure mat schwierege Wiederkonditiounen ze kämpfen. Naass Stroossen, niddreg Temperaturen, Reen a Wand hunn et hinnen op ville Plaze schwéier gemaach.

De Mathieu Kockelmann hat sech déi éischt Punkten am Biergklassement zu Noumer geséchert, dat als Ënnerstëtzung fir de Mil Morang. Och op den nächste Koppen hu sech d'Konkurrente géigesäiteg d'Punkten ewechgeholl, sou dass de Lëtzebuerger net méi vun der éischter Plaz ze verdränge war.

Eng Echappée, wou och de Mats Wenzel dobäi war, hat sech nom Biergpräis zu Noumer ofgesat an hat eng maximal Avance vun 3 Minutten op de Peloton. Bei der Montée de Katrewang erop si souwuel d'Echappée wéi och de Peloton explodéiert. De Briddel erop hu sech de Mats Wenzel an den Italieener Enzo Paleni am Schloree vun den aneren Ausräisser ofgesat. Dee Moment waren nach 30 Kilometer ze fueren.

An der éischter Montée vum Pabeierbierg huet de Ben Healy am Peloton attackéiert an huet de Romain Grégoire matgezunn. De Mats Wenzel hat beim éischte Passage um Lampertsbierg 23 Sekonnen Avance. Den Healy an de Grégoire hunn de Lëtzebuerger am Bambësch agefaangen. Duerno huet de Wenzel sech an der Entrée vum Rollengergronn verbremst a krut uschléissend net méi den Uschloss un déi zwee.

No der leschter Montee vum Pabeierbierg huet de Romain Grégoire  attackéiert a konnt de Ben Healy entscheedend distanzéieren. De Fransous duerft sech domat iwwer d'Victoire vun der leschter Etapp freeën.

D'Klassement vun der Etapp

1 GRÉGOIRE Romain Groupama - FDJ 4:10:56
2 HEALY Ben EF Education - EasyPost 0:01
3 REMIJN Senna Alpecin - Deceuninck 0:55
4 MCNULTY Brandon UAE Team Emirates - XRG 0:55
5 CARAPAZ Richard EF Education - EasyPost 0:55
6 PARET-PEINTRE Aurélien Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:55
7 HIRSCHI Marc Tudor Pro Cycling Team 0:55
8 SKJELMOSE Mattias Lidl - Trek 0:55
9 RONDEL Mathys Tudor Pro Cycling Team 0:57
10 ADAMIETZ Johannes REMBE | rad-net 0:59
...
13 Wallenborn Arno  1:03
25 Kess Alexandre  1:39
29 Wenzel Mats  2:02
36 Ries Michel  4:25
41 Kockelmann Mathieu  4:30
75 Ury Noé  12:41
76 Morang Mil ''
77 Berns Mats ''
80 Kluckers Arthur  13:13
94 Bettendorff Loïc 15:37

De General

1 McNulty Brandon 16:17:34
2 Skjelmose Mattias 0:47
3 Carapaz Richard  1:04
4 Rondel Mathys  1:14
5 Hirschi Marc 1:19
6 Healy Ben 1:20
7 Skujiņš Toms 1:30
8 Paret-Peintre Aurélien  1:35
9 Narváez Jhonatan 1:37
10 Berrade Urko  1:48
...
16 Wallenborn Arno  3:20
19 Wenzel Mats 4:40
43 Ries Michel 14:22
62 Kockelmann Mathieu 23:36
64 Kess Alexandre  24:26
76 Bettendorff Loïc 32:00
86 Kluckers Arthur  37:28
87 Morang Mil 38:16
92 Ury Noé  39:52
95 Berns Mats  41:26