Marlen Reusser a Remco Evenepoel sinn Zäitfuer-Weltmeeschter

© AFP
Déi 32. Weltmeeschterschaften op der Strooss ginn a Ruanda gefuer. E Sonndeg war den Optakt mam Contre la montre.
Zäitgläich wéi de Skoda Tour de Luxembourg gouf d'Zäitfuere bei der UCI-Weltmeeschterschaft a Ruanda gefuer. Et ass déi éischt Kéier, dass d'global Kompetitioun um afrikanesche Kontinent stattfënnt. Am Virfeld gouf et awer vill Diskussiounen iwwer Ruanda als Organisateur, well sech d'Land Virwërf vu Sportswashing gefale loosse muss.
Bei den Damme war d'Marlen Reusser um 31,2 Kilometer laange Parcours duerch d'Haaptstad Kigali déi Séierst an dierf an den nächsten 12 Méint am Weltmeeschtertrikot vum Contre la montre fueren. D'Schwäizerin war um hiwwelege Parcours däitlech méi séier wéi d'Hollännerinnen Anna van der Breggen (+ 51 Sekonnen) an Demi Vollering (+ 1:04). Fir d'Reusser ass et déi éischt Goldmedail no zweemol Sëlwer an eemol Bronze.
D'Hären hate 40,6 Kilometer hannert sech ze bréngen. Hei war kee Kraut géint de Remco Evenepoel gewuess. De Belsch konnt sech souverän virum Australier Jay Vine (+ 1:15) a sengem Landsmann Ilan van Wilder (+ 2:36) duerchsetzen. Fir den Evenepoel ass et den Titel-Hattrick. Den Tadej Pogacar musst eng Néierlag am Kampf ëm eng Medail astiechen. Hie gouf de Véierten (+ 2:38), den Isaac Del Toro war just 3 Sekonne méi lues wéi de Sloween.
Souwuel bei den Damme wéi bei den Häre si keng Lëtzebuerger um Depart.