D‘Kapitänin vum Lëtzebuerger Handball-Champion ass zanter Joren d‘Partnerin vum Raphael Duarte, Co-Trainer vu Werder Bremen.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 199: Jenny Zuk

An eisem Podcast "Drëtt Hallschent de Sporttalk" ass des Woch d‘Jenny Zuk Invitée beim Franky Hippert. Déi 26 Joer al Handballspillerin huet dës Saison in Extremis mat Käerjeng de Championstitel gewonnen. D‘Léierin vu Beruff ass awer och zanter Joren d‘Partnerin vum Raphael Duarte, dee vun der neier Saison u Co-Trainer an der éischter Däitscher Futtball-Bundesliga bei Werder Bremen ass.
 

Déi lescht Saison war wierklech ganz emotional

Käerjeng huet sech am Dammenhandball am Ufank vun der Saison schwéier gedoen. Et goufe vill Héichten an Déiften, seet d‘Jenny Zuk. D‘Euphorie mat engem neien Trainer an neie Spillerinne wéi der fréierer franséischer Nationalspillerin Claudine Mendy ass awer op eemol verflu gewiescht. Vill Problemer um an nieft dem Terrain hunn vill Energie kascht. Wéi d‘Mendy du bis fort war an am neie Joer mam Dan Mauruschatt en neie Trainer koum, ass et ëmmer besser gaangen. D‘Kiischt um Kuch war dunn um Enn vun der Saison de Championstitel.
 

Ech war ëmmer am Turnen an hat guer näischt mam Handball um Hutt 

 
Nom Wibbel an Dribbel, wou ee mam 5. Schouljoer higaangen ass, krut d'Jenny Zuk e Bréif vun der Handballfederatioun heemgeschéckt, datt si nawell Talent mam Ball hätt. Si gouf dunn op en Tournoi invitéiert, wou vill Kanner geruff goufen, fir weider Goût un dëser Sportaart ze kréien. Iwwert eng Monitrice ass déi aktuell Nationalspillerin dunn an hirer Heemechtsuertschaft Beetebuerg an den Handball-Club gaangen. D'Léift zum Handball war dunn méi grouss wéi déi zum Turnen.

Mir sinn eis bewosst, wat dat fir eng Chance war, datt de Raphael sou no Co-Trainer, méi genee zu Elversberg, war.

D'Jenny Zuk ass zanter iwwer 11 Joer d‘Partnerin vum Raphael Duarte. Vun der neier Saison un ass de 29 Joer ale Lëtzebuerger Co-Trainer vu Werder Bremen an der éischter Däitscher Futtball-Bundesliga. Déi Zwee hu sech um Geesseknäppchen an der Schoul kennegeléiert, deemools hat de Raphael Duarte schonn nëmmen een Zil, an dat war Profi-Trainer am Futtball ze ginn. Éiert et elo op Bremen goung, war de fréieren Trainer vun ënnert anerem der Jeunesse Kanech, Co-Trainer vum Horst Steffen bei Elversberg an der 2. Däitscher Bundesliga. De Steffen huet den Duarte och lo mat bei Werder geholl. D‘Jenny Zuk geet an enger éischter Phas nach net mat op Bremen, et gëtt awer scho genee am Haus Zuk-Duarte geplangt, fir sech esou vill wéi méiglech an Norddäitschland ze gesinn.