Um Training am Ausland ass méi Konkurrenz

De Luca Tomassini huet wärend sengem Studium an der 3. Bundesliga gespillt.
An eisem Podcast Drëtt Hallschent de Sporttalk ass dës Woch de Luca Tomassini op Besuch. Den Handballspiller vun Esch ass polyvalent an huet schonn op quasi alle Positioune gespillt, ausser am Gol. Den 28 Joer alen Tomassini, deen e Bachelor am Sportmanagement huet, spillt och an der Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp. "Eemol Escher ëmmer Escher", heescht et an der Minettemetropole, an och wann een dës Saison kee kloert Zil ausgeschwat huet, wëllen Tomassini, Krier a Co. ëmmer ëm de Championstitel matspillen.
Wéi konnt een no der 11-Goler-Avance nom Allersmatch an der Coupe d‘Europe nach eliminéiert ginn?
Fir de Luca Tomassini ass dat eng gutt Fro. Hie selwer huet dat och nach net esou dacks materlieft. Géint RK Vogoska aus Bosnien-Herzegowina war ee vun de batterste Matche,r deen de Mëtt- a Réckraumspiller jee verluer huet. Den Allersmatch haten déi Escher mat enger Differenz vun 11 Goler gewonnen. Am Retour war d‘Ekipp aus der Minettemetropole an der Paus esouguer och nach ee Gol vir. Um Enn hunn déi Escher awer hir Avance nach verspillt an goufen am 7-Meter-Schéissen eliminéiert. Virun allem zum Schluss vum zweete Match bannent 24 Stonnen huet d'Kraaft nogelooss. Et huet een dës Saison méi e klenge Kader, an da kommen och nach e puer blesséiert Spiller dobäi, sou datt dat dann schlussendlech ausschlaggebend war firwat een d‘Weiderkommen aus der Hand ginn huet.
Et ass schonn en Ënnerscheed wann een am Ausland spillt.
De Luca Tomassini war fir säi Studium véier Joer zu Köln. Dat éischt Joer ass hien nach fir d‘Saison zeréck op Esch komm, fir do ze spillen. Duerno huet den FLH-Nationalspiller sech decidéiert, beim Longericher SC an der 3. Bundesliga ze spillen. Um Training geet et zum Deel méi zur Saach, wéi hei zu Lëtzebuerg, well d‘Kaderen einfach vill méi grouss sinn, et méi eng Mass u Spiller gëtt an doduerch méi Konkurrenz do ass.
De Luca Tomassini mam Stierband vum Mikkel Hansen.
Wann een de Luca Tomassini um Terrain gesäit, huet hien am Moment ëmmer e Stierband un. Wärend sengem Studium huet den 28 Joer alen Handballspiller d‘Hoer wuesse gelooss an e Stierband ass néideg ginn. Viru Joren war den Tomassini a Spuenien op der Weltmeeschterschaft, an hat dunn déi grouss Chance, nom Match vun den Dänen d‘Stierband vum Mikkel Hansen ze kréien. D‘Stierband ass jo och d‘Markenzeeche vum haut 37 Joer ale fréieren däneschen Nationalspiller an dräifachen Welthandballer vum Joer gewiescht.