Um Sonndeg huet d‘Angelique Kerber déi 4. Editioun vun den Luxembourg Ladies Tennis Masters gewonnen. Am Virfeld war si Invitée vum Jeff Kettenmeyer.

Grand Slam Finall géint Serena Williams

2016 huet d‘Angelique Kerber bei den Australian Open zu Melbourne hiren éischte Grand Slam Titel gewonnen. An der Finale huet si géint déi grouss Favoritin Serena Williams an 3 Sätz gewonnen. Am Gespréich verréit si wéi dësen Titel hir Karriär duerno verännert huet an awer och wéi si duerno mat den Erwaardungen ëmgaangen ass déi de Public dunn u si hat. 

London Calling

No den Australian Open an den US Open 2016 konnt d‘Angelique Kerber 2 Joer drop och Wimbledon wannen. Fir déi fréier Nummer 1 op der Welt goung mat der Victoire zu London ee Kandheetsdram an Erfëllung. Vun deem Ament un wosst si datt si alles wat si sech jee an hirem Sport virgeholl hat erreegt huet.

Lëtzebuerg ass eng wonnerschéin Stad

Déi fréier Nummer 1 war wuel net déi éischte Kéier am Grand Duché, mä awer mol nees zanter laanger Zäit. Am RTL Interview sot si datt d‘Stad Lëtzebuerg hir immens gutt géif gefalen an datt si d‘Leit och immens gären hätt. Den Masters Tournoi wier hir immens wichteg an si hätt och ëmmer nees Kontakt mat der Equipe ronderëm Dan Maas gehat.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 205: Angelique Kerber

Dee ganzen Podcast mam Angelique Kerber fannt dir op RTL Play.