
Wie gewënnt? Wie kënnt op de Podium? Eng Fro, déi sech sécher all Fan virun engem Grand-Prix stellt. Mee net nëmmen d’Fans. Och eis Commentateure Serge an Tom, grad ewéi eisen Expert Dominique rätsele bei all Course, wéi ee Pilot dann elo déi beschte Kaarten huet.
Virun all Course mussen si sech festleeën: wéi eng dräi Pilote packen et op de Podium?
D’Reegele si kloer: De richtege Pilot op der richteger Positioun gëtt mat dräi Punkte belount. Wann ee Pilot op de Podium kënnt, awer op enger anerer Positioun wéi getippt, kritt een nëmmen ee Punkt. Wien de Podium komplett richteg huet, däerf sech iwwert ee Bonuspunkt freeën. Maximal gi pro Weekend also 10 Punkte verdeelt.
Och d’Prozedur fir d’Startreihefolg ass iwwregens genee definéiert. Bei eisem Trio gëllt de Prinzip vum “Reversed Grid": deen, deen hanne läit, däerf säi Pronostic fir d’éischt ofginn. A “Copy-Paste” ass verbueden: wien duerno tippt, däerf net méi dee selwechte Pronostic ofginn.