3 Wochen net am KaderAss d'Kapitel Vardar Skopje fir den Gerson Rodrigues no e puer Woche schonn nees eriwwer?

RTL Lëtzebuerg
De Rekordbuteur vu de Roude Léiwen huet sech an enger Story op Instagram zu Wuert gemellt.
Gerson Rodrigues (Archiv)
© Valentin Wagner (Archiv)

Ufank Juni gouf den Gerson Rodrigues beim nordmazedonesche Rekordchampion Vardar Skopje virgestallt. No e puer Woche kéint dës Aventure awer scho rëm eriwwer sinn. Den 31 Joer ale Stiermer war zanter dem 9. August net méi am Kader vun der Ekipp.

Wéi Virgule.lu mellt, wier den Gerson Rodrigues am Virfeld vum Match um 3. Spilldag auswäerts zu Struga suspendéiert ginn, well hien eng Fra op säin Zëmmer am Team-Hotel soll invitéiert hunn. D'Partie hätt de fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller vun der Tribün aus materlieft. An der Suite hätt hie sech awer geweigert mat der Ekipp mam Bus zeréck op Skopje ze fueren an duerno wier hien och net um Training gewiescht.

Den Gerson Rodrigues huet sech an enger Story op Instagram zu Wuert gemellt. Dem Rekordbuteur vun de Roude Léiwen no wier d'Relatioun mat sengem Veräin "net top". Hie géing kucken, wat sech géing erginn an datt hien nach Zäit hätt en neie Club ze fannen. Den 72-fachen Nationalspiller schléisst net aus, bei Vardar Skopje ze bleiwen oder ze wiesselen.

Den Gerson Rodrigues stoung am Seniors-Beräich scho bei 18 Veräiner ënner Kontrakt an huet an 13 verschidde Länner gespillt.

Back to Top
CIM LOGO