Champions LeagueAtlético klappt United, Brügge iwwerrascht a Bayern verspillen d'Victoire an Norwegen

Steven Milbert
En Dënschdeg den Owend stoung am Kader vun der Champions-League-Gruppephas den zweete Spilldag um Programm. Op dësem ass esou munche Favorit un d'Struewele komm.
D'Goler vum Match tëscht dem Atlético Madrid a Manchester United
No 90 Minutte muss sech United mat 0:2 geschloe ginn.

Um zweeten Spilldag vun der Champions League ass et en Dënschdeg den Owend nees zu enger Rei spektakulärer Matcher komm. Den Atlético Madrid huet sech mat 2:0 géint Manchester United behaapt, wärend Club Brügge beim 4:3 géint Inter Mailand fir eng vun den Iwwerraschunge vum Owend gesuergt huet. Bayern München huet dogéint zu Stavanger en 0:2-Réckstand gedréint, an Ënnerzuel awer nach de spéiden 3:3-Ausgläich kasséiert. Donieft konnte sech ënner anerem Barcelona an Arsenal kloer duerchsetzen.

Den Detail vun de Matcher mat de Goler am Video:

Atlético Madrid - Manchester United 2:0
1:0 Barrios (1'), 2:0 Lookman (79')

Déi bescht Zeenen aus dem Match tëscht Atlético Madrid a Manchester United
Atlético Madrid huet doheem näischt ubrenne gelooss an de Match souverän mat 2:0 fir sech entscheet.

Atlético Madrid setzt sech doheem mat 2:0 géint Manchester United duerch. D'Colchoneros hunn e perfekte Start erwëscht a sinn schonns no 50 Sekonnen duerch de Pablo Barrios a Féierung gaangen. United huet doropshin eng gutt Reaktioun gewisen a virun allem duerch de Mbeumo e puer Mol um Ausgläich geschnuppert, mä den Oblak huet säi Gol propper gehalen. Kuerz virun der Paus hat Atlético op 2:0 erhéicht, mä de vermeintleche Gol gouf nom VAR-Check awer wéinst engem Handspill zeréckgeholl. Nom Säitewiessel haten allebéid Ekippen hir Chancen, ier de Leny Yoro an der 74. Minutt no enger Noutbrems Rout gesinn huet. Den Atlético huet dunn d'Iwwerzuel direkt ausgenotzt an duerch de Lookman just fënnef Minutten no der rouder Kaart per Abstauber op 2:0 erhéicht. Duerno huet den Atlético näischt méi ubrenne gelooss an d'Victoire souverän iwwer d'Zäit bruecht.

RC Lens - Sporting Lissabon 0:2
0:1 Luis Suárez (22'), 0:2 Doumbia (74')

Sabah FK - Slavia Prag 2:0
1:0 Parris (49'), 2:0 Mickels (88')

De Resumé vun de Matcher Lens géint Sporting a Sabah géint Prag
Sporting Lissabon konnt sech auswäerts zu Lens behaapten, wougéint Sabah FK déi éischte Victoire an der Champions League feiere konnt.

Sporting Lissabon konnt sech zu Lens mat 2:0 duerchsetzen an domadder déi zweete Victoire am zweete Match feieren. Dobäi hat Lens, virun allem an der Ufanksphas, méi vum Match an huet och eng sëllegen Occasioune verbuche kënnen, mä mat der éischter richteger Offensivaktioun vun de Portugisen, ass de Ball direkt am Gol gelant: No enger flotter Aktioun iwwert de lénke Flillek huet den Irankunda de Ball flaach an d'Mëtt bruecht, wou de Luis Suárez an der 22. Minutt aus kuerzer Distanz zum 1:0 eraschéisse konnt. Lens huet doropshin direkt op den Ausgläich gedréckt a war virun der Paus e puer Mol ganz no drun. De Franjo Ivanović huet ënner anerem de Potto getraff, mä och soss war de Sporting-Golkipp Kaique Pereira ëmmer nees gefuerdert. Nom Säitewiessel hunn d'Fransousen den Drock nach eng Kéier erhéicht, mä trotz e puer gudde Méiglechkeete sollt kee Gol fir si falen. Et sollten d'Portugise sinn, déi nach eng Kéier zouschloe sollten. An der 74. Minutt huet den Issa Doumbia no engem séiere Konter op 2:0 erhéicht an domadder fir d'Virentscheedung gesuergt. Lens huet bis zum Schluss probéiert, nach eng Kéier zeréck an de Match ze kommen, mä Sporting huet näischt méi ubrenne gelooss a sech d'Victoire esou geséchert.

Fir Sabah FK gouf et en Dënschdeg géint Slavia Prag eng historesch 2:0-Victoire an domadder den éischte Succès an der Champions League. An enger zéier éischter Hallschent mat wéinegen Héichpunkten haten d'Tscheche kuerz virun der Paus déi bescht Méiglechkeeten, konnten de Ball awer net am Gol ënnerbréngen. Direkt nom Säitewiessel huet Sabah FK dunn aus dem Näischt äiskal zougeschloen: No engem Ballgewënn huet de Lepinjica séier de Konter ageleet an de Kaheem Parris an Zeen gesat. Dësen konnt du mat engem sate Schoss an de lénksen Eck den 1:0 fir seng Faarwe markéieren. Slavia huet doropshin de Drock däitlech erhéicht a koum zu enger Rëtsch gudder Occasiounen, mä entweder konnt de Pokatilov am Gol vu Sabah FK de Ball entschäerfen oder dat ronnt Lieder ass ëm Zentimeter laanscht de Gol gaangen. An der oppener Schlussphas haten dunn awer och d'Haushären ëmmer nees Plaz fir e séiere Konter. An der 88. Minutt sollt awer d'Decisioun falen: De Golkipp Markovic war wäit aus sengem Gol erauskomm, de Joy-Lance Mickels, deen deen Ament a Ballbesëtz war, huet dëst gesinn an de Ball aus ronn 35 Meter op den eidele Gol gezierkelt. Trotz engem Rettungsversuch op der Linn, ass de Ball zum 2:0 am Netz ageschloen. Slavia Prag huet an der Nospillzäit zwar nach eemol gedréckt, mä Sabah FK huet de Virsprong iwwer d'Zäit bruecht an de Match domadder mat 2:0 gewonnen.

RB Leipzig - PSV Eindhoven 1:0
1:0 Gruda (75')

FC Villarreal - SSC Neapel 3:1
0:1 Rrahmani (8'), 1:1 Mikautadze (23'), 2:1 Mourino (26'), 3:1 Oluwaseyi (86')

De Resumé vun de Matcher Leipzig géint Eindhoven a Villarreal géint Neapel
Leipzig behaapt sech knapps géint d'Gäscht aus Holland, wougéint Villarreal sech géint Neapel duerchsetze kann.

RB Leipzig a PSV Eindhoven trenne sech en Dënschdeg mat engem 1:0. D'Gäscht aus Holland haten iwwert wäit Strecke vun der éischter Hallschent liicht méi vum Match an haten an der 19. Minutt déi grouss Chance op d'Féierung, mä de Perišić ass bei sengem Eelefmeter um Vandevoordt hänke bliwwen. Leipzig ass dogéint virun allem an der Schlussphas vun der éischter Hallschent méi staark ginn a koum duerch de Gruda, Romulo an El Aynaoui nach zu gudde Méiglechkeeten. No 45 Minutten sollt et no enger flotter, mä gréisstendeels chancenaarmer éischter Hallschent mat engem 0:0 an d'Kabinne goen. Nom Säitewiessel ass de Match däitlech besser ginn a béid Ekippe koumen zu gudde Méiglechkeeten. Leipzig war dobäi déi méi geféierlech Ekipp a gouf an der 75. Minutt fir seng Méie belount: No engem Corner huet de Brajan Gruda de Ball un der Strofraumgrenz kontrolléiert an de Ball bei sengem Schoss, dee liicht ofgefälscht war, zum 1:0 am Gol ënnerbruecht. D'PSV Eindhoven huet doropshin op den Ausgläich gedréckt a krut an der 82. Minutt de Ball esouguer am Gol ënner, mä dem Obispo säi Kappball gouf wéinst Abseits net unerkannt. An der Schlussphas hunn d'Hollänner nach eemol alles no vir geheit, Leipzig huet d'Féierung awer iwwer d'Zäit bruecht a feiert domadder seng éischt Champions-League-Victoire vun der Saison.

An engem Match mat ville Goler ka sech um Enn Villarreal mat 3:1 géint den SSC Neapel behaapten. Neapel war zwar duerch de Rrahmani schonns an der 8. Minutt a Féierung gaangen, ma Villarreal huet bannent dräi Minutten de Match gedréint. Fir d'éischt huet de Mikautadze eng schwaach Réckpass vum Politano ausgenotzt an ausgeglach, ier de Mourino mat engem stramme Wäitschoss op 2:1 erhéicht huet. Neapel hat tëschenduerch duerch den Højlund nach e puer gutt Aktiounen, déi entweder entschäerft konnte ginn oder um Potto gelant sinn, wouduerch et dunn no enger flotter an chancëräicher éischter Hallschent mat engem knappe Virsprong fir Villarreal an d'Kabinne gaangen ass. Nom Säitewiessel war de Match méi ëmkämpft, soudatt Chancë rar geseet waren. Neapel huet zwar probéiert, nees méi Drock opzebauen, mä Villarreal huet defensiv gutt dogéintgehalen an ëmmer nees op Kontere gelauert. An der 86. Minutt sollt dunn d'Virentscheedung falen: No enger flotter Kombinatioun iwwert de Saliba an den Ayoze huet den Tani Oluwaseyi cool zum 3:1 ofgeschloss. Neapel konnt doropshin net méi zeréckschloen, soudatt Villarreal d'Féierung souverän iwwer d'Zäit bruecht huet an um Enn mat 3:1 gewënnt.

Viking Stavanger - Bayern München 3:3
1:0 Stensness (2'), 2:0 Christiansen (38'), 2:1 Kane (54', Eelefmeter), 2:2 Kane (60'), 2:3 Luis Diaz (71'), 3:3 Haugen (90')

Galatasaray Istanbul - FC Barcelona 1:4
1:0 Batrakov (28'), 1:1 João Cancelo (43'), 1:2 Fermin (50'), 1:3 Gordon (53'), 1:4 Adeyemi (65')

De Resumé vun de Matcher Galatasaray géint Barcelona a Stavanger géint München
Viking Stavanger schockt d'Bayern spéit, Barcelona kloer iwwerleeën zu Istanbul

Bayern München kënnt no engem verréckte Match bei Viking Stavanger net iwwert en 3:3-Gläichspill eraus. D'Norweger hunn e perfekte Start an de Match erwëscht a sinn duerch de Gianni Stensness schonns an der 2. Minutt a Féierung gaangen, ier de Peter Christiansen no engem séiere Konter kuerz virun der Paus op 2:0 erhéicht huet. Nom Säitewiessel hunn d'Bayern awer eng staark Reaktioun gewisen. Den Harry Kane huet fir d'éischt per Eelefmeter verkierzt an duerno mam Kapp den 2:2 markéiert. An der 71. Minutt huet de Luis Díaz de Match souguer komplett gedréint an op 3:2 gestallt. Kuerz drop huet de Michael Olise awer Giel-Rout gesinn, soudatt München déi lescht Minutten an Ënnerzuel spille misst. Stavanger huet an der Schlussphas alles no vir geheit a sech an der 90. Minutt dofir belount: De Herman Haugen huet eng Flank vum Tripic per Kapp zum 3:3-Endstand verwäert.

Déi giel-rout Kaart vum Michael Olise am Replay
Bayern München ass net iwwer en 3:3-Remis auswäerts bei Viking Stavanger erauskomm.

Fir den FC Barcelona gouf et bei Galatasaray Istanbul eng kloer 4:1-Victoire. Barcelona hat de Match an der Ufanksphas gréisstendeels am Grëff, ass allerdéngs an der 28. Minutt no engem séiere Konter duerch de Batrakov a Réckstand geroden. Galatasaray huet kuerz drop esouguer op 2:0 erhéicht, mä de Gol vum Yilmaz gouf wéinst enger knapper Abseitspositioun zeréckgeholl. Nach virun der Paus huet de João Cancelo no Virlag vum Dani Olmo fir den 1:1 gesuergt. Nom Säitewiessel hunn d'Katalanen dunn däitlech opgedréint. Fir d'éischt huet de Fermín eng Flank vum Lamine Yamal per Kapp zum 2:1 verwäert, just dräi Minutte méi spéit huet den Anthony Gordon no enger staarker Eenzelaktioun vum Yamal op 3:1 erhéicht. Galatasaray huet doropshin kaum nach eng Äntwert fonnt, wärend Barcelona de Match weider kontrolléiert huet. An der 65. Minutt huet den agewiesselte Karim Adeyemi mat engem präzise Schoss an de rietsen Eck de Score op 4:1 gestallt.

Inter Mailand - Club Brügge 3:4
0:1 Tresoldi (30', Eelefmeter), 1:1 Lautaro Martinez (44'), 1:2 Tresoldi (63'), 1:3 Tresoldi (74'), 2:3 Lautaro Martinez (81'), 2:4 Vermant (87'), 3:4 Bonny (90'+4)

FC Arsenal - OSC Lille 3:0
1:0 Timber (64'), 2:0 Eze (67'), 3:0 Saka (71')

De Resumé vun de Matcher Inter Mailand géint Club Brügge an Arsenal géint Lille
Brügge feiert auswäerts eng iwwerraschend Victoire géint den Inter, Arsenal léisst Lille keng Chance.

Club Brügge setzt sech auswäerts mat 4:3 géint Inter Mailand duerch a feiert eng iwwerraschend Victoire. Den Inter war an der Ufanksphas zwar déi besser Ekipp, ma Brügge huet sech ëmmer méi an de Match eragekämpft a konnt an der 30. Minutt duerch den Nicolò Tresoldi per Eelefmeter a Féierung goen. D'Äntwert vun den Italieener huet net laang op sech waarde gelooss a koum nach virun der Paus, wéi de Lautaro Martínez no enger staarker Virlag vum Dimarco den 1:1 markéiere konnt. Nom Säitewiessel ass Brügge dunn äiskal bliwwen. No engem Feeler an der Inter-Defense huet den Tresoldi an der 63. Minutt säin zweete Gol geschoss, ier hien eelef Minutte méi spéit och nach den 3:1 markéiere konnt. Inter hat tëschenduerch duerch de Dimarco an den Esposito nach e puer gutt Méiglechkeeten, mä de Yann Sommer am Gol vun de Belsch konnt bal all Ball paréieren. Ausser an der 81. Minutt, an där de Lautaro Martínez nach eng Kéier fir d'Italieener verkierze konnt. Dëst sollt dem Inter um Enn awer näischt bréngen, dëst well Brügge souguer nach e weidere Gol fonnt huet. Dorunner konnt och de Bonny mat sengem spéide Gol näischt méi an der Nospillzäit änneren. Club Brügge ka sech domadder no 90 Minutten an no enger uerdentlecher Leeschtung souwéi engem staarken Tresoldi déi dräi Punkte mat aus Mailand an d'Heemecht huelen.

Arsenal setzt sech doheem kloer mat 3:0 géint Lille duerch a feiert domadder eng souverän Victoire. D’Gunners waren zwar schonns an der éischter Hallschent déi méi dominant Ekipp, hu sech géint gutt organiséiert Fransousen awer laang schwéier gedoen a sinn net iwwert en 0:0 zur Paus erauskomm. Nom Säitewiessel huet Arsenal dunn däitlech opgedréint. An der 64. Minutt huet de Jurrien Timber no Virlag vum Madueke mat engem schéine Lupfer fir d'verdéngte Féierung gesuergt. Nëmmen dräi Minutte méi spéit huet den Eberechi Eze no enger gudder Kombinatioun iwwert den Ödegaard an de Saka op 2:0 erhéicht. Lille ass doropshin ëmmer méi auserneegefall an Arsenal huet dëst direkt ausgenotzt souwéi nogeluecht: An der 71. Minutt huet de Bukayo Saka no Virlag vum Havertz markéiert a fir den 3:0-Endstand gesuergt. Esou feieren d'Londoner no enger staarker zweeter Hallschent eng kloer a verdéngte Victoire.

________________________________________________

All d'Resultater an d'Tabell am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO