
Fir déi éischte Kéier sinn 48 Natiounen op der WM mat dobäi, dat sinn 16 Ekippen méi wéi tëscht 1998 an 2022. Déi verschidde Länner sinn op 4 Lousdëppen opgedeelt, déi an 12 Gruppe kënne geloust ginn. D’Gewënner aus de verschiddene Playoffen sinn am Dëppen 4.
An deenen 12 Gruppe si 4 Ekippen, dovun däerf jeeweils nëmmen ee Land vun engem Kontinentalverband dra sinn. D’Ausnam sinn déi verschidden UEFA-Vertrieder wéi och d’Ekippen aus den FIFA-Playoffen, déi maximal zu zwee an enger Grupp däerfe sinn. Sécher ass schonn, datt Mexiko am Grupp A, Kanada am Grupp B an d’USA an d’Grupp D zougeloust ginn.
Aus all Grupp kommen souwuel déi Éischt an Zweet weider, wéi och och déi 8 bescht Drëttplacéiert an d'1/16-Finall. Dobäi ginn et 495 verschidde Konstellatiounen. Am Vergläich zur Europameeschterschaft 2024 an Däitschland, wou déi nëmmen déi 4 bescht Drëttplacéiert weider koumen, goufen et nëmmen 15 verschidde Kombinatiounen. Donieft ginn d’Top 4 vun der FIFA-Weltranglescht (Spuenien, Argentinien, Frankräich, England), am Fall vum Weiderkommen, änlech wéi am Tennis op 4 verschidde Véierel vum Turnéierbam opgedeelt a kënne sou réischt an der Halleffinall géintenee spillen.
Zu Washington D.C. ginn e Freideg nëmmen déi verschidde Gruppen ausgeloust. De genaue Spillplang a wou déi verschidde Natiounen spille wäerten, gëtt réischt e Samschdeg annoncéiert. Eng Partie steet awer scho fest. Fir den Optakt spillt Mexiko am Aztekenstadion zu Mexiko-City.