No der Defaite géint IslandDéi vill Blessure maachen d'Aarbecht net méi einfach

Jeff Kettenmeyer
No zwee Spilldeeg huet d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp an der Nations League 3 Punkten um Kont. No der 2-1 Victoire a Bulgarien leschte Samschdeg gouf et en Dënschdeg awer eng batter 0-3 Néierlag géint Island.

De Jeff Kettenmeyer analyséiert d'Situation no dem 2-1 géint Bulgarien an dem 0-3 géint Island.

Nodeems d'FLF Formatioun géint d'Islänner net vill ze gutt hat, kann ee sech an Estland zeréck kafen, ma et muss een awer probéieren, déi vill blesséiert Spiller iergendwéi ze kompenséieren. Am Match géint Island huet een och einfach missten unerkennen, datt de Géigner besser war an och verdéngt gewonnen huet. Genee esou ass och dem Dirk Carlson seng Analyse ausgefall.

„Als éischt well ech mol all deene Supporter Merci soen, déi eis bis zum Schluss och beim Stand vu 0-3 weider ugefeiert hunn, genee dowéinst spille mir esou gären heiheem. Wat de Match ugeet, hate mir schonns méi einfach Deeg. Mir si wuel gutt an de Match gestart an och net schlecht aus der Hallschent komm, mä si ware brutal effektiv. Mir haten zwar Ballbesëtz, mä guer keng Golchance. Si waren immens eekeleg um zweete Ball, si ware méi present wéi mir.“

Du koum och nach d‘Blessur vum Laurent Jans dobäi. De Kapitän ass elo nieft dem Seid Korac, dem Christopher Martins an dem Danel Sinani dee 4. Stammspiller, dee wäert feelen. Fir den Nationaltrainer Jeff Strasser mécht dat d‘Aarbecht fir de Match an Estland an nächsten Dënschdeg heiheem géint Bulgarien net méi einfach.

„Mir musse lo kucken, wéi schlëmm et beim Laurent ass, et ass eng muskulär Blessur. Dat ass och duerch déi rapprochéiert Matcher, domat musse mir kennen ëmgoen. Mir musse lo kucken, wéi mir dat kënnen opfänken a wat mir mam Kader maachen, dat sinn déi nächst Iwwerleeungen. De Match gëllt et elo ze analyséieren an trotzdeem positiv bleiwen, wa mir haut zum Beispill kucken, wéi eng jonk Ekipp mir um Terrain haten. Och dat ass en Deel vun der Zukunft.“

An der Tabell ass nach alles no beieneen. Island huet 4 Punkten, Lëtzebuerg der 3. Do hannen dru kennt Estland mat 2 a Bulgarien mat engem Punkt. Och déi nächst Matcher vun der FLF-Formatioun kënnt Dir op RTL an am Livestream kucken.

De Resumé vun der 0:3-Defaite vun der FLF-Selektioun heiheem géint Island
Op d'Lëscht vun de Blessure koum mam Laurent Jans e weideren Numm dobäi.

Back to Top
CIM LOGO