Bis 2030Den Dayot Upamecano huet beim FC Bayern München verlängert

RTL Lëtzebuerg
Säin aktuelle Vertrag wär elo am Summer ausgelaf.
© ULRIK PEDERSEN/NurPhoto via AFP

Et ass elo offiziell. No laangem Hin- an Hier huet den Dayot Upamecano beim FC Bayern München verlängert. De franséischen Defenseur ënnerschreift e weidere Kontrakt bis den 30. Juni 2030. Säin aktuelle Vertrag wär elo am Summer ausgelaf. Den haut 27 Joer ale franséischen Nationalspiller war 2021 vu Leipzig an d’bayresch Haaptstad bei den däitsche Rekordchampion gewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO