
Säi leschte Match wäert den Dzeko den 2. Oktober an der Nations-League-Partie géint Schweden absolvéieren. De Schalke-Stiermer huet säin éischte Match am Trikot vun de "Zmajevi" den 2. Juni 2007 géint d'Tierkei gemaach. Zweemol huet hie säi Land op eng Futtball-WM gefouert a konnt bei der éischter Participatioun 2014 a Brasilien och e Gol bei der 3:1-Victoire géint den Iran schéissen.
Géint Lëtzebuerg stoung de 40 Joer ale Bosnier véiermol um Terrain a konnt dräimol géint d'Rout Léiwen treffen.