
Ob de Fabio Domingos awer wierklech am Kader fir de Match géint Malta steet, bleift aktuell onkloer. Déi kapverdianesch Federatioun huet de Spiller nämlech och selektionéiert. Domat stellt sech d’Fro, fir wéi ee Land sech de Fabio Domingos entscheede wäert an ob d’FLF nees en Nowuesstalent verléiert.
Spéitstens den 27. Mäerz kéinte mir méi wëssen, wann de Kap Vert an engem Frëndschaftsmatch géint Chile untrëtt.