
En Dënschdeg an e Mëttwoch steet an der däitscher Futtball-Bundesliga de 17. Spilldag um Programm. D’Partie tëscht dem Hamburger SV an Bayer 04 Leverkusen gouf am Virfeld kuerzfristeg ofgesot. Grond dofir wiere Reschter vu Schnéi an Äis um Daach vum Volksparkstadion zu Hamburg, déi sech léisen. De Match sollt en Dënschdeg den Owend ëm 20.30 Auer ugepaff ginn.
Schonn de Weekend goufe wéinst dem ville Schnéi am Norde vun Däitschland d’Matcher tëscht St. Pauli a Leipzig, wéi och d’Partie vu Bremen géint Hoffenheim ofgesot.