Futtball-Championnat: BGL LigueHueschtert gewënnt 2:0 zu Rouspert

RTL Lëtzebuerg
Fir de Optakt vum 6. Spilldag vum nationale Futtball-Championnat stoung e Samschdeg den Owend de Match tëscht Rouspert an Hueschtert um Programm.
Mat 2:0 konnt Hueschtert sech zu Rouspert duerchsetzen.
Mat 2:0 konnt Hueschtert sech zu Rouspert duerchsetzen.
© Felix Girst

Um Enn huet Hueschtert sech trotz laanger Ënnerzuel duerch Goler vu Ballicalioglu an Dianessy mat 2:0 zu Rouspert duerchgesat.

Schonn no 9 Minutten konnt de Ballicalioglu vun enger ze kuerz gerodener Réckpass op de Rousperter Golkipp Bürger profitéieren an eleng virum Gol den 1:0 schéissen. No enger gudder Hueschterter Ufanksphas gouf de Quinol awer dunn no engem haarde Foul vum Terrain gestallt, woumat d'Gäscht knapp 70 Minutten an Ënnerzuel hunn agéiere mussen. Ma och no der rouder Kaart huet Rouspert sech offensiv ganz schwéier gedoen an et waren d'Visiteuren, déi kuerz virum Säitewiessel duerch den Dianessy souguer erhéije konnten.

No der Paus huet Hueschtert sech gréisstendeels zeréckgezunn an den Haushären de Ball iwwerlooss, déi awer am leschten Drëttel géint eng kompakt Defense net vill domat unzefänke wossten. No der rouder Kaart fir de Rousperter Gonçalves Pereira an der 80. Spillminutt war d'Partie entscheet. D'Ekipp aus dem Gréngewald feiert domat trotz laanger Ënnerzuel den 3. Succès vun der Saison, d'Victoria huet dogéint weiderhi 4 Punkten um Kont.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

Klickt op de Match, fir op de Replay an de Liveticker ze kommen.

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO