Nationale FuttballMickael Almeida Pinto net méi Trainer vum F91 Diddeleng

RTL Lëtzebuerg
No der Defaite e Sonndeg huet de Veräin aus der Forge du Sud sech vu sengem Trainer getrennt.
Eng Foto vun engem Match vum F91 Diddeleng
© RTL

Aus dem nationale Futtball ass et d’Nouvelle, datt de Mickael Almeida Pinto net méi Trainer vum F91 Diddeleng ass. De Veräin aus der Forge du Sud huet sech vu sengem Coach getrennt. Diddeleng hat ënnert anerem e Sonndeg doheem géint Mamer verluer an ass op déi 5. Plaz an der Tabell zeréck gefall.

Wien den Trainer Posten iwwerhuele wäert, huet de Club nach net matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO