
De Montenegro war vun Ufank un déi méi geféierlech Ekipp um Terrain an huet d'Lëtzebuerger Defense ëmmer nees fréi ënner Drock gesat. D'Lëtzebuergerinnen haten an der Ufanksphas ferm ze kämpfen an hu sech schwéier gedoen, fir Entlaaschtung ze suergen. No enger Véierelsstonn huet et du fir déi éischte Kéier gerabbelt. No engem séiere Konter konnt d'Armisa Kuč den 1:0 fir hir Faarwe markéieren. Just zwou Minutte méi spéit huet dunn och schonns d'Medina Dešić op 2:0 fir de Montenegro erhéicht. An dëser Phas vum Match konnt Lëtzebuerg offensiv kaum Akzenter setzen, wouduerch d'Montenegrinerinne permanent virum Lëtzebuerger Gol opgedaucht sinn. Kuerz virun der Paus huet d'Dešić du mat hirem zweete Gol vum Owend fir den 3:0 gesuergt a mat dësem Score sollt et dunn och an d'Kabinne goen.
Och nom Säitewiessel ass de Montenegro nees besser aus der Kabinn komm an huet schonns an der 49. Minutt no engem Fräistouss op 4:0 erhéicht. Duerno konnten d'Rout Léiwinnen de Match zwar méi ausgeglach gestalten an haten duerch d'Leila Schmit an d'Charlotte Schmit nach zwou gutt Méiglechkeeten, mä e Lëtzebuerger Gol sollt awer net méi falen. Esou ass et fir d'Lëtzebuerger Dammen um Enn bei enger däitlecher 0:4-Defaite géint de Montenegro bliwwen.