
D’Optaktpartie spillt Schottland sonndes de 14. Juni zu Boston géint Haiti. Doduerch datt de Match ëm 3 Auer schottescher Zäit ugepaff gëtt, huet de schottesche Premierminister de Futtballsupporter ee Versprieche ginn. Den John Swinney wëll de Méindeg nom Optakt vun de “Bravehearts” zu engem schottesche Feierdag erklären. Dëst huet hie bei enger Ried annoncéiert. Aktuell befënnt sech de schottesche Premierminister am Walkampf fir d’Parlamentswalen am Mee.
Dës Propos muss formell vum Kinnek Charles III. ofgeseent ginn a géif virun allem d’Aarbechter aus dem ëffentleche Secteur betreffen. Op der Europameeschterschaft virun zwee Joer hat d’"Tartan Army”, wéi déi schottesch Supporter och nach genannt ginn, scho fir gutt Stëmmung gesuergt. Fir d’lescht hate sech d’Schotte fir d’WM 1998 a Frankräich qualifizéiert. “Op dëse Moment hunn ech 28 Joer laang gewaart an ech wëll, datt esou vill wéi méiglech Leit doru kënnen deelhuelen”, esou den John Swinney.