
An der Europa League stoung um Donneschdegowend dee kompletten zweete Spilldag um Programm. Bei der 4:1-Victoire vu Benfica géint Celtic souz de Nationalspiller Leandro Barreiro 90 Minutten op der Bänk. Donieft gewanne Leverkusen a Mailand héich géint Posen respektiv Salzburg a Sunderland dréint säin éischten europäeschen Auswäertsmatch zanter 53 Joer.
An der Conference League huet de Nationalspiller Vahid Selimovic mat Iberia 2:0 zu Sint-Truiden an der Belsch verluer. Hie stoung dobäi 90 Minutten um Terrain.
Benfica - Celtic 4:1
1:0 J. Duran (5'), 2:0 Bah (23'), 3:0 J. Duran (36'), 3:1 C. Duran (63'), 4:1 Pavlidis (89')
Ouni de Nationalspiller Leandro Barreiro gewënnt Benfica am Estadio da Luz géint Celtic. D'Portugisen hu fréi am Match d'Heft an d'Hand geholl a louchen zur Paus mat 3:0 vir. Obwuel sech d'Gäscht aus Schottland e puer gutt Chancen erausgespillt hunn, konnte si just ee Mol treffen a verléieren um Enn mat däitlech 4:1.
Lech Posen - Leverkusen 0:4
0:1 Schick (29'), 0:2 Tillman (32'), 0:3 Schick (41'), 0:4 Maza (89')
Leverkusen war beim polnesche Champion Lech Posen op Besuch an huet sech do souverän mat 4:0 behaapt. An der Paus stoung et schonn 3:0 fir d'Ekipp aus der Bundesliga, dat ënner anerem, well sech de Patrick Schick no senger fréier Awiesslung an Toppform gewisen huet an een Doublé markéiere konnt. An den zweete 45 Minutten ass vu Posen keng Reaktioun komm an dofir ass dem Ibrahim Maza säi Gol zum 4:0 och nach verdéngt. Nom 2:0 géint Celje um éischte Spilldag confirméiert d'Werkself domat hire perfekte Start an dës Campagne.
Torreense - Sunderland 1:2
1:0 Volnei (37'), 1:1 Ahoka (67'), 1:2 Sadiki (90'+3)
An hirem éischten europäeschen Auswäertsmatch zanter 53 Joer setzt sech Sunderland ganz spéit géint Torreense duerch. De portugiseschen Zweetligist, deen an der Europa League untrieden däerf, well e sensationell déi national Coupe gewonnen huet, ass als Underdog an de Match gaangen, huet awer vun engem geniale Solo vum Volnei profitéiert, fir no 37 Minutte mat 1:0 a Féierung ze goen. Dëse Score sollt eng gutt hallef Stonn halen, éier d'Gäscht aus England de verdéngten Ausgläich fonnt hunn. Wéi de Noah Sadiki dunn an der Nospillzäit per Dropkick de Match gedréint huet, ass den Auswäertsblock vu Sunderland komplett eskaléiert.
RB Salzburg - AC Mailand 0:4
0:1 Cissé (15'), 0:2 Cissé (32'), 0:3 Cissé (49'), 0:4 Ramos (72')
Nodeems den AC Mailand um éischte Spilldag 2:0 géint Benfica verluer huet, ass hinnen zu Salzburg déi perfekte Reaktioun gelongen. Bei der 4:0-Victoire an Éisträich ass d'Lokalekipp 90 Minutte laang ouni Chance bliwwen a krut virun allem den Dräierpacker Alphadjo Cissé net an de Greff.
Lyon - Crystal Palace 3:2
1:0 Tolisso (8'), 2:0 Nuamah (45'+2), 2:1 Yeremy (50'), 3:1 Sulc (76'), 3:2 Kamada (81')
Lyon huet sech an engem animéierte Match um fréien Donneschdegowend mat 3:2 géint de Gewënner vun der Conference League Crystal Palace behaapt. De Corentin Tolisso konnt seng Faarwe fréi a Féierung bréngen an den Ernest Nuamah huet de Score kuerz virun der Paus op 2:0 erhéicht. Op den tëschenzäitlechen 2:1 vun de Gäscht hat d'Lokalekipp mam 3:1 eng gutt Äntwert an dem Daichi Kamada säi Gol zum 3:2 an der Schlussphas huet de Match zwar nach eng Kéier spannend gemaach, et sollt awer bei der Victoire fir Lyon bleiwen.
Saint-Gilloise - San Sebastian 1:1
0:1 Turrientes (46'), 1:1 Keita (88')
Marseille - Olympiakos 0:1
0:1 Hezze (42')
Celta Vigo - Juventus 1:2
1:0 Alvarez (18'), 1:1 Woltemade (58'), 1:2 Kolo Muani (90'+2)
Sparta Prag - Lilleström 1:1
1:0 Alcocer (56'), 1:1 Olsen (90'+1)
Alkmaar - Hapoel Beer Sheva 2:1
1:0 Koopmeiners (49'), 1:1 Forson (55'), 2:1 Meerdink (77')
NK Celje - Omonia 0:3
0:1 Montnor (16'), 0:2 Tankovic (59'), 0:3 Coulibaly (84')
Hoffenheim - Besiktas 2:3
0:1 Besiktas (60'), 1:1 Asllani (68'), 1:2 Oh (72'), 1:3 Oh (79'), 2:3 Machida (88')
Bournemouth - Sturm Graz 3:0
1:0 Evanilson (43'), 2:0 Rayan (76'), 3:0 Rodriguez (90'+2)
Ferencvaros - Viktoria Pilsen 2:1
1:0 Zachariassen (49'), 2:0 Zachariassen (81'), 2:1 Visinsky (90')
Zagreb - Anderlecht 1:0
1:0 Beljo (90'+6)
Jagiellonia - Ararat-Armenia 3:1
0:1 Banjaqui (11'), 1:1 Jozwiak (13'), 2:1 Conceicao (38'), 3:1 Sow (51')
Nijmegen - Levski 1:1
0:1 Reinaldo (35'), 1:1 Chery (64')
Stade Rennes - OFI Kreta 2:1
0:1 Fountas (10'), 1:1 Nagida (76'), 2:1 Boudlal (90')
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.