Den Trainer vum däitsche Rekordchampion Vincent Kompany huet en Dënschdeg an der Pressekonferenz virum Match souwuel iwwer de belsche Champion vum leschte Joer, wéi och de Jamal Musiala geschwat. Fir d’Union Saint Gilloise hat den 39 Joer ale belschen Trainer nëmme positiv Wierder an hien huet ënnerstrach, datt de fréiere Veräin vum FLF-President Paul Philipp an dem Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris net sou eng einfach Aufgab wier, wéi déi Meescht géinge mengen.
“Ech hu si gesinn an ech hunn direkt gesot, datt si eng gutt Aarbecht maachen. Dat ass keen einfache Géigner an déi wäerte ganz séier ëm Titele spillen. Si hunn immens talentéiert Spiller, déi ee villäicht och an Zukunft an der Bundesliga oder Premier League gesi kann. Et ass ee Veräin, deen déi “Underdog-Roll” schonn zanter Jore kennt. Dofir weess ech, datt et keng ongeféierlech Ekipp ass an ech hu Respekt virun hirer Aarbecht.”
Den däitsche Rekordchampion steet virun der Partie géint d’Union Saint Gilloise mat 15 Punkten op der drëtter Plaz an der Tabell. Fir de Match géint d’Belsch kann de Vincent Kompany nees op de Jamal Musiala zeréckgräifen. Den däitschen Nationalspiller gouf e Samschdeg no laanger Blessur bei der 5:1-Victoire zu Leipzig fir déi éischte Kéier agewiesselt. Allerdéngs wëllt een den 22 Joer jonken Däitschen zu München lues opbauen.
“Jo, et gëtt e Plang, mee mir sinn och ganz flexibel. Hien huet nach permanent Kontakt mam medezinesche Staff. Mir probéieren nach ëmmer ze verstoen, wat den nächste Match besser fir hien ass. Sinn et 10 Minutten, sinn et 20 Minutten, huet hien e bësse wéi, huet hien net wéi. An dëser Phas si mir nach ganz flexibel. Mir däerfen net vergiessen, datt obwuel mir elo e weidere Match hunn, datt hien lo onbedéngt méi wäit ass. Mir si mat him nëmmen 3 Deeg méi wäit, wéi bei der Partie géint Leipzig.”
Bayern München géint d’Union Saint Gilloise kënnt Dir den Owend vun 20.45 Auer un um RTL Zwee, RTL Play an RTL.lu live suivéieren.