Drëtt Hallschent, de Sport-Talk mam Jasmin Sabotic, Marc Mouton an Eric SchmidtWéi steet et ëm de Lëtzebuerger Arbitrage?

Sam Rickal
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" sinn dës Woch dräi Arbittere beim Sam Rickal op Besuch.
V.l.n.r. Jasmin Sabotic, Marc Mouton, Eric Schmidt.
V.l.n.r. Jasmin Sabotic, Marc Mouton, Eric Schmidt.
© Sam Rickal

An zwar sinn dat aus dem Futtball de Jasmin Sabotic, aus dem Basket de Marc Mouton an aus dem Handball den Eric Schmidt. D’Arbittere maachen een Job, ouni deen et net géing goen. Dacks gi si kritiséiert, seele gëtt et déi Unerkennung, déi si verdéngt hunn. Wéi gëtt een iwwerhaapt Arbitter an hu mir der genuch? Dat waren alles Froen, déi an eisem Podcast “Drëtt Hallschent - De Sport-Talk” diskutéiert goufen. Donieft war ënner anerem och Rieds iwwer de Videoarbitter, d’Aggressioune géintiwwer den Arbitteren an och de mentalen Drock.

An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport-Talk” sinn dës Woch déi dräi Arbittere Jasmin Sabotic, Marc Mouton an Eric Schmidt beim Sam Rickal op Besuch.

Jasmin Sabotic

Zanter 2020 ass de Jasmin Sabotic FIFA-Arbitter. An deene 5 Joer huet hie souwuel Qualifikatiounsmatcher an der UEFA Europa League, der UEFA Conference League an an der UEFA Youth League geleet. Donieft huet den 30 Joer alen Arbitteren iwwer 140 Matcher an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball gepaff, war awer och well am däitschen a franséische Championnat am Asaz.

Marc Mouton

Viru ronn engem Joer huet de Marc Mouton seng Päif un den Nol gehaangen. Ugefaangen huet seng Karriär als Arbitter 1991, gläichzäiteg huet hien och beim BBC Gréngewald Hueschtert gespillt. No 32 Joer als Arbitter an iwwer 2.200 Matcher ass de Marc Mouton zanter engem Joer als Formateur an Observateur bei der Lëtzebuerger Basketfederatioun aktiv.

Eric Schmidt

91 Matcher huet den Eric Schmidt fir déi Lëtzebuerger Handballnationalekipp gespillt. Als Spiller war hien ënner anerem fir den Handball Käerjeng an den Handball Esch aktiv. No enger kuerzer Paus huet den elo 44 Joer alen Arbitter 2018 ugefaange mat päifen an ass zanterhier all Weekend an den Handballshalen ënnerwee.

D’Drëtt Hallschent mam Jasmin Sabotic, dem Marc Mouton an dem Eric Schmidt kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO