Futtball-WM 2026Wie kritt et an der Gruppephas mat wiem ze dinn? Den Iwwerbléck fannt Dir hei

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend sinn am Kennedy Center zu Washington D.C. an Amerika d'Gruppe fir d'WM ausgeloust ginn.
© DAN MULLAN / POOL / AFP

2026 si fir d’éischte Kéier 48 Natiounen op der Futtball-WM mat dobäi, dat si 16 Ekippe méi wéi tëscht 1998 an 2022. Nach stinn net alleguer d’Participantë fest.
D’Futtball-WM fänkt den 11. Juni un an dauert bis den 19. Juli.

Hei den Iwwerbléck vun de Gruppen, déi e Freideg geloust gi sinn:

Grupp A

Mexiko
Südafrika
Korea
Gewënner Playoff D (Dänemark-Nordmazedonien / Tschechien-Irland)

Grupp B

Kanada
Gewënner Playoff A (Italien-Nordirland / Wales-Bosnien-Herzegowina)
Katar
Schwäiz

Grupp C

Brasilien
Marokko
Haiti
Schottland

Grupp D

USA
Paraguay
Australien
Gewënner Playoff C (Tierkei-Rumänien / Slowakei-Kosovo)

Grupp E

Däitschland
Curacao
Elfenbeinküst
Ecuador

Grupp F

Holland
Japan
Gewënner Playoff B (Ukrain-Schweden / Polen-Albanien)
Tunesien

Grupp G

Belsch
Ägypten
Iran
Neiséiland

Grupp H

Spuenien
Cap Vert
Saudi-Arabien
Uruguay

Grupp I

Frankräich
Senegal
Gewënner Playoff (Irak / Bolivien / Surinam)
Norwegen

Grupp J

Argentinien
Algerien
Éisträich
Jordanien

Grupp K

Portugal
Gewënner Playoff ( Demokratesch Republik Kongo / Jamaika / Neikaledonien)
Usbekistan
Kolumbien

Grupp L

England
Kroatien
Ghana
Panama

Aus all Grupp komme souwuel déi Éischt an déi Zweet weider, wéi och déi aachtbescht Drëttplacéiert an d'1/16-Finallen. De genaue Spillplang a wou déi verschidde Natioune spille wäerten, gëtt réischt e Samschdeg annoncéiert. Eng Partie steet awer scho fest. Fir den Optakt spillt Mexiko am Aztekenstadion zu Mexiko-City.

Am Kader vun der Auslousung krut den US-President Donald Trump vun der FIFA den neie “Friddenspräis” iwwerreecht. Den Trump hätt sech onermiddlech fir de Fridden op der ganzer Welt agesat, sou de FIFA-President Gianni Infantino.

© SAUL LOEB / AFP

Back to Top
CIM LOGO