Schi-Alpin-WM1. Weltmeeschtertitel an der Descente fir de Kjetil Jansrud

RTL Lëtzebuerg
Op der Weltmeeschterschaft am Schi Alpin zu Are a Schweden gouf et en Doublé fir Norwegen. Hannert dem Kjetil Jansrud ass den Aksel Lund Svindal 2. ginn.
© AFP

Et ware keng einfach Konditiounen e Samschdeg bei der Schi-Alpin-Weltmeeschterschaft zu Are a Schweden. Wéinst Schnéi an zolittem Wand war d’Course méi spéit wéi geplangt gestart ginn. Am beschte mat der Pist an de Konditiounen eens ginn ass um Enn den Norweger Kjetil Jansrud. Hie konnt sech mat engem Virsprong vun 2 Honnertstel viru sengem Landsmann Aksel Lund Svindal behaapten. Um Podium stoung nach den Éisträicher Vincent Kriechmayr mat engem Retard vun 33 Honnertstel.

Fir de Jansrud ass et deen éischte Weltmeeschtertitel. Iwwerdeems war et fir de Svindal déi leschte Course a senger Karriär.

Back to Top
CIM LOGO